Nikolai Stepanowitsch Tschernych
De Nikolai Stepanowitsch Tschernych, russesch Николай Степанович Черных; englesch Schreifweis: Nikolai Stepanovich Chernykh, gebuer de 6. Oktober 1931 zu Usman, Oblast Woronesch, a gestuerwen de 26. Mee 2004, war e russeschen Astronom.
Den Tschernych huet vun 1963 zesummen mat senger Fra Ludmila Iwanowna Tschernychowa (Людмила Ивановна Черных), am Krim-Observatoire geschafft. Seng Spezialgebidder waren d'Astrometrie an d'Dynamik vu Klengkierper am Sonnesystem.
Hien huet e puer Koméiten, dorënner déi periodesch Koméiten 74P/Smirnova-Chernykh an 101P/Chernykh, an doriwwer eraus 537 Asteroiden entdeckt, z. B.: (2867) Šteins, (2362) Mark Twain, (4534) Rimskij-Korsakov an den Trojaner (2207) Antenor.
Zu Éiere vun der Koppel Tschernych gouf den Asteroid (2325) Chernykh no hinne genannt.