déi gréng
|
|
|
|---|---|
![]() |
1, rue du Fort Elisabeth
L-1463 Luxembourg |
|
|
|
| Grënnungsdatum: | 23. Juni 1983 |
| Presidenten: | Christian Kmiotek, Sam Tanson |
| Sekretär: | Gina Conter, Stéphane Majerus |
| Trésorier: | Jean-Jacques Arrensdorff |
| Websäit: | www.greng.lu |
déi gréng sinn eng lëtzebuergesch politesch Partei, déi den 23. Juni 1983 gegrënnt gouf.
Inhaltsverzeechnes |
Organisatioun[änneren]
De Kongress ass dat hechsten Organ vun der grénger Partei; e leet grondlegend Strategien an d'Haaptlinn vun der Partei fest. All zwee Joer wielt de Kongress, deen aus alle Membere vun Déi Gréng besteet, aus senger Mëtt déi leedend Organer. Dozou gehéieren zwee Presidenten (bis 2010: "Spriecher") op paritärer Basis, en Exekutiv-Kommitee, de Partei-Büro, an deem och déi jonk gréng an d'Fraen-Organisatioun vertruede sinn, en Trésorier, e Finanzkontroll-Organ an den Exekutiv-Rot, deen de Kongress vertrett.
Geschicht[änneren]
1983 bis 1994[änneren]
déi gréng goufen, wéi déi meeschten europäesch gréng Parteien, aus der Anti-AKW- a Friddensbewegung gebuer. Mënschen déi géint d'déi geplangten Atomzentral zu Remerschen a géint d'erneit Oprëschten duerch d'Nato-Bündnis an de Warschauer Pakt waren, hu sech 1983 zu der Gréng Alternativ Partei (GAP) zesummefonnt.[1]
Déi éischt Memberen vu déi gréng koumen doriwwer eraus och aus Naturschutz-, chrëschtlechen a feministesche Bewegungen, souwéi Drëtt-Welt-Vereenegungen. Och enttäuschte Politiker aus der LSAP (wéi de Jean Huss) oder aus lénksextreme Gruppéierungen hu sech der grénger Bewegung ugeschloss. Donieft gouf et awer och eng méi liberal ausgeriichte Grupp ronderem de Jup Weber, déi de Fokus haaptsächlech op den Natur- an Ëmweltschutz leeë wollten.[1]
déi gréng sinn 1984 fir d'éischt bei de Chamberwalen ugetrueden a mat 2 Sëtz an d'Chamber gewielt ginn. 1985 huet sech d'Partei wéinst Meenungsverschiddenheeten an 2 gedeelt, an d'GLEI (Gréng Lëscht Ekologesch Initiativ, mam Jup Weber un der Spëtzt) an an d'GAP (Gréng Alternativ Partei).
Dofir si si bei de Chamberwale vum 18. Juni 1989 och eenzel ugetrueden an hu jeeweils 2 Sëtz kritt. Zënter 1994 si béid Lëschten erëm zesummen ugetrueden an d'Partei krut an deem Joer mat bal 11% vun alle Stëmmen 5 Sëtz a gouf domat déi véiertstäerkst Partei am Lëtzebuerger Parlament.
1994 bis elo[änneren]
1995 si béid Parteien och offiziell erëm zesummegaang. Bei de Chamberwale vun 1999 hu si bal 2 Prozentpunkte verluer (vu bal 11% op 9%). Trotzdeem konnte si hir 5 Sëtzer an der Chamber halen.
Bei den 2004er Walen koumen Déi Gréng op e Resultat vun 11,58%, domat konnte se hir Bedeelegung am Parlament op 7 Sëtz ausbauen.
2009 krute se 11,71%, sou datt d'Sëtzzuel onverännert bei 7 ass. Als Oppositiounspartei si si déi véiertstäerkst Kraaft an der Chamber.
Dësen Erfolleg huet sech och bei den Wale fir d'Europaparlament gewisen, wou Déi Gréng zënter 1994 ee vun de sechs lëtzebuergesche Sëtz hunn. 2004 koumen Déi Gréng op e Resultat vu 15,02%, wat se zu der drëttstäerkster lëtzebuergescher Partei am Europaparlament gemaach huet. Bei de Wale vun 2009 koume s'op 16,8%.
Sujete vun der grénger Politik[änneren]
Ënnert den Themen déi déi gréng als Piliere vun hirer Politik ugesinn, hëlt d'Fuerderung no enger nohalteger Entwécklung eng besonnesch Positioun an. Awer och aner Theme wéi eng ekologesch Steierreform, erneierbar Energien an Energie-Effizienz, eng Reform vum Sozialstaat a vun de Pensioune si fir déi gréng wichteg Themen.
Ëmmer méi wichteg ginn och Theme wéi d'Fraerechter an d'Biergerrechter. Virun allem zu Lëtzebuerg gi Sujete wéi d'Integratioun an d'Participatioun vun de Migranten ëmmer méi Bedeitung zougemooss.
Zu anere Politikberäicher vun déi gréng gehéieren ënnert anerem:
- d'Mënscherechter;
- d'Demokratie;
- d'Gläichheet vu Mann a Fra;
- d'Gewaltlosegkeet;
- e gréngt a soziaalt Europa.
Resultater vun de Walen an Deputéiert[änneren]
Chamberwalen[änneren]
| Joer | Stëmmenundeel | Sëtzer an der Chamber | Deputéiert[2] |
|---|---|---|---|
| 1984 | 5,2% | 2 | Jup Weber (1984-1989) Jean Huss (1984-1987) | Guy Bock (1987-1989) [4] |
| 1989 | 12,5% | 4[5] | Jup Weber (1989-1994) Nick Clesen senior (1989-1994) |
| 1994 | 10,9% | 5 | Robert Garcia |
| 1999 | 9,1% | 5 | Robert Garcia (1999-2003) | Dagmar Reuter-Angelsberg (2003-2004) [4] |
| 2004 | 11,6% | 7 | Félix Braz Henri Kox |
| 2009 | 11,7% | 7 | Félix Braz François Bausch |
Europawalen[änneren]
| Joer | Stëmmenundeel | Sëtzer am Europaparlament |
|---|---|---|
| 1984 | 6,1% | 0 |
| 1989 | 10,4% | 0[6] |
| 1994 | 10,9% | 1 (Jup Weber) |
| 1995 | /[7] | 0 |
| 1999 | 10,7% | 1 (Claude Turmes) |
| 2004 | 15,0% | 1 (Claude Turmes) |
| 2009 | 16,8 | 1 (Claude Turmes) |
Gréng Gemengepolitik[änneren]
Bei de Gemengewalen 2005 hunn déi gréng am Ganzen 41 Mandater gewonnen, an 2 Vertrieder an de Stater Schäfferot geschéckt.[8] 33 Politiker vun déi gréng sinn a verschiddene Gemengeréit an 11 sëtzen als Schäffen an enger Schäffekoalitioun. 4 Politiker vun déi gréng si Buergermeeschter:
- d'Tilly Metz zu Weiler-la-Tour
- de Camille Gira zu Biekerech
- de Pierre Bormann zu Néngsen[1]
- den Henri Kox zu Réimech
Fir ze liesen[änneren]
- A senger Nummer 273 vum Februar 2008 huet d'Zäitschrëft forum en Dossier iwwer "25 Joer déi gréng" op de Säiten 30-51.
- Am PaperJam vum Freideg, den 19. September 2008, si Portraite vun alle gréngen Deputéierten, en Interview mam François Bausch an e klengen Artikel iwwer Biekerech.
Kuckt och[änneren]
Um Spaweck[änneren]
| Commons: Déi gréng – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen[änneren]
- ↑ 1,0 1,1 1,2 Pauly, Michel: "25 Jahre déi Greng"; in: Forum Nr.273; S. 30ff
- ↑ Chambre des Députés du Grand-Duché du Luxembourg [ed.]: La Chambre des Députés. Histoire et Lieux de travail; Luxembourg; mai 1994
- ↑ Hausemer, Georges [ed.]: Luxemburger Lexikon. Das Großherzogtum von A-Z; Luxembourg; 2006
- ↑ 4,0 4,1 4,2 4,3 No hirem Rotatiouns-Prinzip si verschidde gréng Deputéiert no der Hallschent vun hirer Amtszäit zugonschte vun aneren ofgetrueden.
- ↑ Bäi de Parlamentswalen 1989 ass déi Gréng Lëscht Ekologesch Initiativ (GLEI) géint déi Gréng Alternativ Partei (GAP) ugetrueden. Béid Parteie krute jeeweils 2 Sëtz.
- ↑ Bäi den Europalen 1989 ass déi Gréng Lëscht Ekologesch Initiativ (GLEI) géint déi Gréng Alternativ Partei (GAP) ugetrueden. Dowinnst krut keng vu béide Parteien e Mandat.
- ↑ 1995 huet de Jup Weber d'Partei verlooss, déi gréng hunn doduerch hire Sëtz am Europaparlament verluer
- ↑ Fréderique Moser: "Les Verts/déi Gréng. Changer plus vite les choses"; dans: PaperJam, p. 68ff; Septembre/Octobre 2008; Luxembourg
