Jean Huss

Vu Wikipedia
Jean Huss
Gebuer 26. Mäerz 1947
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Politiker
Partei déi gréng

De Jean ("Muck") Huss, gebuer de 26. Mäerz 1947 zu Esch-Uelzecht, ass e lëtzebuergeschen déi gréng- Politiker.

De Jean Huss, dee vu Beruff Professer ass, war bis 1983 an der sozialistescher Partei, a war ee vun de Grënner vun déi gréng. Hie setzt sech virun allem fir eethesch a sozial Theemen an, a war och Corapporteur vum Gesetz iwwer d'Depenaliséierung vun der Euthanasie zu Lëtzebuerg.

Gemengepolitik[änneren | Quelltext änneren]

Hie war vum 1. Januar 1988 bis den 31. Mäerz 1990 a vum 1. Januar 1994 bis den 31. Januar 1995 Conseiller am Escher Gemengerot. Dono war hien nees vu Juni 2000 bis Januar 2014[1] Conseiller vun der Gemeng Esch-Uelzecht.

Landespolitik[änneren | Quelltext änneren]

Hie war vum 16. Juli 1984 bis de 14. September 1987 a vum 18. Juli 1989 bis den 11. Oktober 1992 Deputéierten an der Chamber. Vum 18. Juli 1994 u war hien nees Deputéierten; hie gouf 1999, 2004 an 2009 erëmgewielt.

De 6. Juli 2011 huet hie säi Mandat néiergeluecht a gouf vun der Josée Lorsché ersat.

Aner Aktivitéiten[änneren | Quelltext änneren]

Nieft der institutioneller Politik ass de Jean och aktiv bäi AKUT.

Gielercher[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. "Merci Muck!" Communiqué op deigreng.lu, 2014-01-18.
  2. Copie vum Quotidien vum 19. juni 2008 op der Websäit vun der Chambre de Commerce Archivéiert op 2016-03-04. Gekuckt de(n) 2013-01-16.