Josée Lorsché
Josée Lorsché | |
---|---|
Gebuer |
9. September 1961 Diddeleng |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Politiker, Schoulmeeschter |
Partei | déi gréng |
D'Josée Lorsché, gebuer den 9. September 1961 zu Diddeleng, ass eng lëtzebuergesch Politikerin (déi gréng) vu Beetebuerg. Vu Beruff ass si Léierin.
Theemen[änneren | Quelltext änneren]
Hir laangjäreg Aarbecht als Léierin an d'Antiatomkraaftbeweegung an den 80er Joren hunn d'Josée Lorsché dozou beweegt sech am Beräich vun der Sozial- an Ëmweltpolitik z'engagéieren. Aner wichteg Theeme fir si sinn d'Integratioun vu Mënsche mat Behënnerung, Altersfleeg, d'Gläichstellung vun homosexuelle Mënschen an och d'Gläichstellung vu Mann a Fra.[1]
Gemengepolitik[änneren | Quelltext änneren]
D'Josée Lorsché ass zanter de Gemengewale vun 2005 am Beetebuerger Gemengerot, an do zanter 2011 Schäffin.[2]
Landespolitik[änneren | Quelltext änneren]
Si gouf de 6. Juli 2011, wéi si de Jean Huss ersat huet, dee sech zeréckgezunn hat,[3] als Deputéiert aus dem Bezierk Süden an der Chamber vereedegt.
Bei de Chamberwale vum 20. Oktober 2013 an deene vum 14. Oktober 2018 gouf d'Josée Lorsché erëmgewielt.
Gielercher[änneren | Quelltext änneren]
- Officier vum Ordre de la couronne de chêne (Promotioun 2022)[4]
Referenzen[Quelltext änneren]
- ↑ Josée Lorsché op greng.lu Archivéiert op 2015-07-10. Gekuckt de(n) 2015-07-03.
- ↑ bettembourg.lu Archivéiert op 2013-06-24. Gekuckt de(n) 2011-06-10.
- ↑ "Chamber: Lorsché a Léiweng, Gemengewahlen a Staumauer. rtl.lu - 06.07.2011, 16:25 - Fir d'lescht aktualiséiert: 07.07.2011, 08:08
- ↑ (fr)Ministère d’État - Promotion générale dans les Ordres nationaux - Nominations.. legilux.public.lu. Gekuckt de(n) 2024-02-24.