Camille Gira
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
De Camille Gira, gebuer den 2. Juni 1958 an der Stad Lëtzebuerg, ass e lëtzebuergeschen déi gréng-Politiker.
De Camille Gira ass zënter 1994 Deputéierten an der Chamber an zënter 1990 Buergermeeschter vun der Gemeng Biekerech.
Vun 1977 bis 1994 huet hien als Fluchlots geschafft. 1993 ass hie Member vun Déi Gréng ginn.
Zënter 2008 ass hie President vun der Fédération luxembourgeoise de handball.
Gielercher [änneren]
- Officier vum Ordre de Mérite du Grand-Duché de Luxembourg (Promotioun 1999)[1]
- Officier vum Ordre de la couronne de chêne (Promotioun 2004)[2]
Referenzen [änneren]
- ↑ Memorial B n° 58 vun 1999 mat der Lëscht vun de Leit déi 1999 eng national Auszeechnung kritt hunn Op der Säit 1149 vun deem Memorial steet 'Promotion 1999' während op der Säit 1150 'Promotion 1998' steet. 1999 ass wuel richteg well de Memorial op den 1. Dezember 1999 datéiert ass.
- ↑ Compte rendu des séances publiques N° 13 – Session ordinaire 2004-2005 um site vun der Chamber