Claude Adam

Vu Wikipedia
Claude Adam
Gebuer 21. August 1958
Ettelbréck
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Politiker
Partei déi gréng

De Claude Adam, gebuer den 21. August 1958 zu Ettelbréck, ass e lëtzebuergesche Politiker (déi gréng).

Hien huet seng Beruffscarrière als Schoulmeeschter zu Kiemen, Miersch a Biissen ugefaangen. No sengem Studium op der pedagogescher Héichschoul zu Heidelberg tëscht 2000 an 2002 war hie Schoulinspekter zu Suessem a Péiteng. Zanter 2008 gëtt hien als Enseignant vacataire eenzel Coursen um Campus Walfer vun der Uni Lëtzebuerg.[1]

Theemen[änneren | Quelltext änneren]

En Haaptthema dat de Claude Adam politesch intresséiert ass d'Schoul, wat mat sengem Beruff als Enseignant zesummenhänkt.

En zweete Schwéierpunkt ass d'Aussepolitik. Zanter 2014 representéiert hien déi gréng an der aussepolitescher Kommissioun an ass och Member am Parlament vum Europarot.[2]

Gemengepolitik[änneren | Quelltext änneren]

Vun 1999 bis Dezember 2004 war de Claude Adam Schäffen an der Gemeng Miersch a vu Januar 2005 bis Enn 2013[3] Conseiller.

Landespolitik[änneren | Quelltext änneren]

De Claude Adam ass 1999 fir d'éischt Kéier op der Lëscht vun déi gréng ugetrueden, huet awer de Sprong an d'Chamber deemools just verpasst. Bei de Chamberwale vum 13. Juni 2004 krut hien allerdéngs déi drëttmeescht Stëmmen op der grénger Lëscht am Zentrum an domat en Deputéiertemandat. 2009 gouf hien erëmgewielt, an 2013 ass hien no de virgezunne Chamberwale vum 20. Oktober 2013, nodeem de François Bausch Minister gouf, an d'Chamber 'nogerëtscht'.[4]

Hie war Vizepresident vun der Commission de l'enseignement supérieur, de la Recherche, des Médias, des Communications et de l'Espace an der Chamber.[5]

De 14. Abrëll 2018 ass hien zu Gonschte vu senger Parteikollegin Sam Tanson als Deputéierten zeréckgetrueden, fir nees kënnen am Enseignement ze schaffen.[6]

Gielercher[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Blog vum Claude Adam
  2. Claude Adam op gréng.lu
  3. "Et gëtt e Changement am Mierscher Gemengerot." RTL.lu - 17.12.2013, 06:25 | Fir d'lescht aktualiséiert: 17.12.2013, 06:27.
  4. Assermentation de 25 nouveaux députés." chd.lu, 5. Dezember 2013.
  5. Claude Adam op chd.lu
  6. "Sam Tanson ersetzt Claude Adam." rtl.lu, 20.03.2018, 20:09:57.
  7. « Compte-rendu des séances publiques n°7 - Séance extraordinaire 2013-2014 », op https://www.chd.lu/