Gemeng Ettelbréck
|
|||||||
|---|---|---|---|---|---|---|---|
| An anere Sproochen: |
fr: Ettelbruck de: Ettelbrück |
||||||
| Land: | |||||||
| Distrikt: | Dikrech | ||||||
| Kanton: | Dikrech | ||||||
| Buergermeeschter: | Jean-Paul Schaaf (CSV) | ||||||
| Awunner Gemeng: | 7.478 (Ufank 2006) |
||||||
| Fläch Gemeng: | 3.086 ha | ||||||
| Koordinaten: | 49° 50' 47" N 06° 05' 57" O |
||||||
|
D'Gemeng Ettelbréck (orange) am Kanton Dikrech (rout) |
|||||||
| Uertschaften - Gemengen - Stied | |||||||
Ettelbréck ass eng vun den 106 lëtzebuergesche Gemengen. Benannt ass se no der Uertschaft mam selwechten Numm.
Ettelbréck bilt, zesumme mat de Gemenge Bettenduerf, Dikrech, Ierpeldeng, Schieren a Kolmer Bierg den Zentrum vun der Nordstad.
Inhaltsverzeechnes |
Uertschaften an der Gemeng [1] [änneren]
- Ettelbréck
- Grentzen (Grentzingen)
- Waarken
Geographie [änneren]
Ettelbréck läit op enger Héicht vun 199 Meter iwwer NN. Duerch d'Uertschaft Ettelbréck fléissen d'Uelzecht an d'Waark. Den déifste Punkt ass nieft Déifert am All op 191.5 m do wou d'Uelzecht an d'Sauer leeft.
Déi héchste Plaz ass um westlechsten Eck vun Ettelbréck am Wald nieft dem CR345 op der Grenz mat der Gemeng Feelen tëscht dem Kräizwee an der Useldéngerfréin op enger Héicht vun 386 m.
Geschicht [änneren]
Zu der Gemeng Ettelbréck hu bis den 30. Juni 1850 och nach folgend Uertschafte gehéiert: Schieren, Biertreng, Kolmer-Bréck, Mathgeshaff, Schierenerhaff, Ierpeldeng/Sauer, Angelduerf a Bierden. Den 1. Juli 1850 (Gesetz vum 22. Januar 1850) goufen d'Gemenge Schieren an Ierpeldeng geschafen.
Duerch d'Gesetz vum 4. August 1907 huet Ettelbréck den Titel "Stad" kritt. (zesumme mat Diddeleng a Rëmeleng).
Politik [änneren]
De Gemengerot vun Ettelbréck gëtt nom Proporz-Walsystem gewielt. E setzt sech aus 13 Conseilleren zesummen.
Zesummesetzung
| Joer | CSV | DP | gréng | LSAP |
|---|---|---|---|---|
| 1999 | 5 | 3 | 1 | 4 |
| 2005 | 6 | 1 | 1 | 5 |
| 2011 | 5 | 2 | 2 | 4 |
Quell: Inneministère / RTL.lu
Wope vun Ettelbréck [änneren]
D'Stad Ettelbréck krut hire Wopen duerch een Arrêté grand-ducal vum 24. Mäerz 1953 (Mémorial 1953 Säit 327).
Seng Beschreiwung am Originaltext:
Écartelé: aux I et IV les armoiries nationales, aux II et III d'azur à un pont d'or sur une eau d'azur, en chef un caducée et deux gerbes de blé d'or liées de gueules.
De Logo vun Ettelbréck [änneren]
De 16. November 2006 huet d'Gemeng hiren neie Logo virgestallt. Den Ettelbrécker Graphikstudent Claude Gaasch huet en entworf. Drop ze gesinn ass eng stiliséiert Nei Bréck, drënner den Numm Ettelbréck op Lëtzebuergesch an nach drënner a vill méi kleng VILLE D'ETTELBRUCK.
Literatur [änneren]
- Flies, Joseph: Ettelbrück, die Geschichte einer Landschaft, 2274 Säiten, 1970, Imprimerie Saint-Paul
- 100 Joer Ettelbréck, Bäilag vum Wort vum 6. Juni 2007, 36 S.
Interkommunal Syndikater [änneren]
D'Gemeng Ettelbréck ass Member vu folgenden interkommunale Syndikater:
Kuckt och [änneren]
- Ettelbréck
- Gare Ettelbréck
- Kierch Ettelbréck
- Nordstad
- Lëscht vun den nationale Monumenter an der Gemeng Ettelbréck

- Lëscht vun de Lëtzebuerger Gemengen
- Lëscht vun de Lëtzebuerger Uertschaften
- Lëtzebuerger Kantonen
- Lëtzebuerger Distrikter
- Entwécklung vun der Gemengenzuel zu Lëtzebuerg
- Lëscht vun de Lëtzebuerger Stied
Um Spaweck [änneren]
| Commons: Ettelbréck – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- Offiziell Säit vun der Gemeng a Stad Ettelbréck
- Säit vum Ettelbrécker Tourist Office
- Fotoe vun Ettelbréck
- Säit vun der Ettelbrécker Musek
- Syvicol
- Gesetz iwwer d'Enstoe vun de Gemenge Schieren an Ierpeldeng Loi du 22 janvier 1850,qui érige deux nouvelles communes, l'une sous le nom de Schieren et l'autre sous le nom d'Erpeldange
Referenzen [änneren]
- ↑ D'Nimm vun den Uertschaften entspriechen deenen déi de Kadaster, unhand vu sengen Attributiounen déi am Gesetz vum 25. Juli 2002 portant réorganisation de l’administration du cadastre et de la topographie festgehale sinn, opgestallt huet, an déi am «Registre national des localités et des rues» opgezielt sinn. Häff a Lieu-diten sinn déi localités wéi se zousätzlech am Annuaire officiel d'Administration et et de législation 2000 ënner III. Annexes opgelëscht sinn.
Ärenzdall | Bettenduerf | Buerschent | Dikrech | Feelen | Ettelbréck | Ierpeldeng | Mäerzeg | Reisduerf | Schieren