Gemeng Dikrech

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Dikrech
Detailer
An anere
Sproochen:
fr: Diekirch
de: Diekirch
Land: Flag of Luxembourg.svg Lëtzebuerg
Distrikt: Dikrech
Kanton: Dikrech
Gemeng: Dikrech
Buergermeeschter: Claude Haagen (LSAP)
Awunner Gemeng: 6.252
(2003)
Fläch Gemeng: 1.241,9905 [1] ha
Koordinaten: 49° 52' 05" N
06° 09' 24" O
D'Gemeng Dikrech (orange) am Kanton Dikrech (rout)
D'Gemeng Dikrech (orange)
am Kanton Dikrech (rout)
Uertschaften - Gemengen - Stied

Dikrech ass eng vun den 106 Gemengen am Groussherzogtum Lëtzebuerg. D'Stad Dikrech ass den Haaptuert an och déi eenzeg Uertschaft an der Gemeng.

Inhaltsverzeechnes

[änneren] Den Numm

Den Numm Dikrech Diecirke gouf fir d'éischt am Joer 1182 an engem Dokument ernimmt.

D'Gemeng Dikrech besteet aus der Stad Dikrech an den Häff a Lieu-diten Fridhaff an Härebierg [2]

[änneren] Geschicht

  Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Dikrech Nuvola apps xmag.png

[änneren] Geographie

D'Stad ass souwuel den Zentrum vum Kanton Dikrech, wéi och vu sengem Distrikt. Ausserdeem bilt Dikrech, zesumme mat de Gemenge Bettenduerf, Ettelbréck, Ierpeldeng, Schieren a Kolmer-Bierg den Zentrum vun der Nordstad. Déi Regioun gëllt, nom IVL, nieft der Stad an Esch-Uelzecht, als drëtten Entwécklungspol vum Grand-Duché.

[änneren] Flëss a Baachen an der Gemeng

Dikrech läit un der Sauer a bilt d'Grenz zum Éislek. Um Territoire vun Dikerech hunn e puer kleng Baachen hir Quell. Am Norde sinn dat d'Laangmuer, Mechelbaach, eng Baach déi vum Fridhaff duerch de Bamerdall leeft an zu Dikrech an d'Sauer fléisst. Op der Grenz mat der Gemeng Tandel huet d'Suessebaach eng vun hire Quellen an der Gemeng Dikrech. Am Süde sinn et d'Saasselbaach an d'Kiselbaach déi eng vun hire Quellen op Dikrecher Terrain hunn.

[änneren] Politik

De Gemengerot vun Dikrech gëtt nom Proporz-Walsystem gewielt. E setzt sech zënter 2005 aus 13 Conseilleren zesummen (1999: 11).

Zesummesetzung

Joer CSV DP gréng LSAP
1999 4 2 1 4
2005 5 1 2 5
2011 3 2 1 7

Quell: Inneministère / RTL.lu

Buergermeeschteren

  • 1822: Nicolas Juttel

...

  • 1926 - 1945: Joseph Theis

...

  • 1952-1957: Henry Cravatte
  • 1957-1963: Joseph Herr
  • 1963-1964: Henry Cravatte
  • 1964-1969: Marcel Krier
  • 1969  : Michel Ewen
  • 1969-1974: Victor Poos
  • 1974-1984: René Steichen
  • 1984-1994: Marie-Thérèse Boever
  • 1994-2001: Danièle Wagner
  • 2001-2005: Claude Haagen
  • 2005-2008: Nico Michels
  • 2008- 2011: Jacques Dahm
  • zënter 2011: Claude Haagen

[änneren] Jumelagen

D'Gemeng Dikréch ass jumeléiert mat:

[änneren] Interkommunal Syndikater

[änneren] Linken

[änneren] Kuckt och


[änneren] Um Spaweck

Commons: Dikrech – Biller, Videoen oder Audiodateien

[änneren] Referenzen

  1. D'Donnéeën déi d'Fläch vun enger Gemeng oder enger Uertschaft betreffen, sou wéi se an dësem Artikel stinn enspriechen deenen aus der Datebank vum Kadaster um Stand vum 25. September 2009.
  2. D'Nimm vun den Uertschaften entspriechen deenen déi de Kadaster, unhand vu sengen Attributiounen déi am Gesetz vum 25. Juli 2002 portant réorganisation de l’administration du cadastre et de la topographie festgehale sinn, opgestallt huet, an déi am «Registre national des localités et des rues» opgezielt sinn. Häff a Lieu-diten sinn déi localités wéi se zousätzlech am Annuaire officiel d'Administration et et de législation 2000 ënner III. Annexes opgelëscht sinn.
Perséinlech Tools
Nummraim

Varianten
Aktiounen
Navigatioun
Geschirkëscht
An anere Sproochen