Vendelin Jurion

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

De Vendelin Jurion gebuer de 4. Juni 1806 zu Béibreg, a gestuerwen den 10. Februar 1892, war e Lëtzebuerger Jurist a Politiker.

De Vendelin Jurion war Affekot um Bezierksgeriicht Dikrech, méi spéit um Ieweschte Geriicht an der Stad Letzebuerg. Zu Dikrech war e Buergermeeschter.

1843 gouf e Sekretär an der Régence.

Hie war och an der Kommissioun, déi d'Lëtzebuerger Konstitutioun vun 1848 ausgeschafft hat.

Vum 1. August 1848 bis den 2. Dezember 1848 war en Administrateur général an der Regierung de la Fontaine a vum 23. September 1853 bis de 24. Juni 1856 an der Regierung Simons, wou hien allkéiers fir den Intérieur zoustänneg war. Dono gouf en Deputéierten an der Chamber.

Vum 28. November 1857 bis den 10. Februar 1892 war hie Member vum Staatsrot.[1]

Zu Dikrech huet en, zesumme mam Joseph-Antoine Schroell, d'Wochenblatt für Bürger und Landleute erausginn, déi éischten Zeitung zu Lëtzebuerg mat engem Feuilleton.

Kuckt och [änneren]

Referenzen [änneren]