Ernest Simons

Vu Wikipedia
Dësen Artikel iwwer e Politiker ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Ernest Simons
Gebuertsnumm Ernest-Charles-Damien Simons
Gebuer 17. Januar 1835
Dikrech
Gestuerwen 11. Abrëll 1873
Metz
Doudesursaach Apoplex
Nationalitéit Lëtzebuerg
Educatioun Stater Kolléisch
Aktivitéit Politiker, Affekot
Famill
Papp Charles-Mathias Simons

Den Ernest-Charles-Damien Simons, gebuer[1] de 17. Januar 1835 zu Dikrech, gestuerwen[2] den 11. Abrëll 1873 zu Metz, war e lëtzebuergesche Jurist a Politiker.

Duerch kinneglech-goussherzogleche Beschloss vum 16. Abrëll 1861 krut hien eng Nominatioun[3] als Affekot beim Staatsrot.

Vun 1860 bis 1864 war hien, als Gewielte vum Kanton Réimech[4], Member[5] vun der Assemblée des États.

An der Regierung de Tornaco war hie vum 31. Mäerz 1864 bis de 26. Januar 1866 Generaldirekter fir den Interieur a Bauten, a vum 26. Januar 1866 bis den 3. Dezember 1866 Generaldirekter fir Finanzen.

Hie war vun 1869 bis 1872 als Deputéierten[6] vum Kanton Lëtzebuerg[7] an der Chamber.

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Biographie nationale du pays de Luxembourg, Fascicule 20, S. 392 (BNL)
  2. Biographie nationale du pays de Luxembourg, Fascicule 20, S. 393 (BNL)
  3. Arrêté royal grand-ducal du 16 (avril 1861) am Mémorial, Zweeten Deel, N° 21 vum 29. Abrëll 1861, S. 178
  4. Biographie nationale du pays de Luxembourg, Fascicule 20, S. 392 (BNL)
  5. Nicolas Als, Robert L. Philippart: La Chambre des Députés, Histoire et Lieux de Travail, Chambre des Députés du Grand-Duché de Luxembourg, 1994, S. 528
  6. Nicolas Als, Robert L. Philippart: La Chambre des Députés, Histoire et Lieux de Travail, Chambre des Députés du Grand-Duché de Luxembourg, 1994, S. 529
  7. Biographie nationale du pays de Luxembourg, Fascicule 20, S. 392 (BNL)