Lëtzebuerger Sozialistesch Aarbechterpartei

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
(Virugeleet vu(n) LSAP)
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Logo Parteizentral
LSAP.png
Basisdonnéen
Grënnungsdatum: Januar 1902
Parteipräsident: Alex Bodry
Vizepräsidenten: Georges Engel, Michèle Diederich
Generalsekretär: Yves Cruchten
Trésorière: Jeanne Welter
Websäit: www.lsap.lu

D'Lëtzebuerger Sozialistech Aarbechterpartei (LSAP) ass eng Lëtzebuerger politesch Partei.

Inhaltsverzeechnes

[änneren] Geschicht

Géint dem Enn vum 19. Joerhonnert sinn di éischt Politiker zu Lëtzebuerg (virun allem am Kanton Esch) opgetrueden, déi sech dem sozialisteschen Ideal verschriwwen haten. 1902 war endlech di Sozialdemokratesch Partei vu Lëtzebuerg offiziell gegrënnt.[1]

Déi schlecht Aarbechtsbedingungen vun den Aarbechter, Hongersnout an de Präiswucher am Éischte Weltkrich hunn d'Grënnung vum Bierg- an Hütteverbond accéleréiert an 1917 war den éischte grousse Streik vun der Aarbechterbewegung. D'Allianz mat de Liberalen (de sougenannte 'Lénksblock') ass zerbrach an aus de Sozialdemokraten goufen d'Sozialisten, déi d'Republik verlaangt hunn an dat allgemengt Walrecht gefuerdert hunn. D'Partei sollt eng weider Spléckung am Joer 1920 matmaachen zu engem Ament wéi d'Kommunistesch Partei entstanen ass.

Déi Sozialistesch Bewegung gouf zur Aarbechter-Partei, déi vu verschiddene Gewerkschaften a Genossenschaften ënnerstëtzt gouf. Bis zum Zweete Weltkrich konnt d'Partei eng sëllechen Succèse feieren: permanent ass se gewuess, d'Gewerkschafte goufen unerkannt, Kollektivverträg goufe reglementéiert an d' Maulkuerfgesetz gouf verhënnert.

Bei den éischte Walen nom Krich am Oktober 1945 huet d'Aarbechterpartei missen eng schwéier Nidderlag abéissen. 1947 huet déi an LSAP ëmgedeefte Partei hiren Neesopbau ugefaangen an hir ass de Spronk an d'Regierungskoalitioun gelong (1951-1959 an der Regierung Dupong-Bodson a Bech-Bodson an 1964-1968 an der Regierung Werner-Cravatte).

D'Diskussiounen iwwer d'Ausriichtung vun der Partei huet d'LSAP op e Neits gespléckt. 1970 hu 6 Deputéierten d'Partei verlooss an de Gros vun der Parteispëtzt ass ausgetrueden an huet déi Sozialdemokratesch Partei gegrënnt. Allerdéngs konnt d'LSAP sech nees 1974 opfänken an huet mat der DP an der Mëtt-Lénks-Koalitioun (Regierung Thorn-Vouel-Berg) wichteg sozial Reformen duerchgesat: Reform vun der Justiz (ë.a. d'Humaniséierung vum Stroofvollzuch) d'Aféieren vun enger 5. Woch Congé, d'Verallgemengeerung vun der 40-Stonnewoch, d'Aféiere vum Lounindex, Reform vum Chômage asw. Dëst huet awer d'Nidderlag vun 1979 net kënne verhënneren. Während dëser Legislatur huet d'LSAP hire berühmten Energiekongress ofgehalen an huet de Moratoire un der Atomzentral vu Remerschen decidéiert. Dëst war den definitiven Aus vun dem Projet. 1979 ass och e Neiunfank gemaach ginn an der Partei an huet hir zum grousse Walsuccès 1984 gefouert.

An der Koalitioun mat der CSV (1984-1989, Regierung Santer-Poos I) ass et gelongen, eng déif Ëmstrukturéierung vun der Stolindustrie ze vollzéien an den RMG gouf agefouert. Dës Koalitioun ass zweemol widderholl ginn bis d'Joer 1999 (Regierunge Santer-Poos II an III a Juncker-Poos). An dëser laanger Period goufen d'Pensiounskeesen, d'Krankeversécherung an d'Steiere reforméiert grad ewéi d'Maastricht-Ofkommes ënnerschriwwe gouf.

D'LSAP ass dunn eng Legislatur (1999-2004) an d'Oppositioun gaang a konnt sech duerch e liicht bessert Resultat bei de Chamberwalen 2004 nees als déi zweetstäerkst Partei aus dem Land behaapten. Si gouf dann och 2004, grad ewéi 2009, Koalitiounspartner vun der CSV an de Regierunge Juncker-Asselborn I an II.

[änneren] Parteipräsidenten zanter 1945

  1. Michel Rasquin 1945-1951
  2. Paul Wilwertz 1951-1952
  3. Albert Bousser 1952-1954
  4. Émile Ludwig 1954-1955
  5. Paul Wilwertz 1955-1959
  6. Henry Cravatte 1959-1970
  7. Antoine Wehenkel 1970-1974
  8. Lydie Schmit 1974-1980
  9. Robert Krieps 1980-1985
  10. Ben Fayot 1985-1997
  11. Jean Asselborn 1997-2004
  12. Alex Bodry 2004-

[änneren] Literatur

  • Fayot, Ben: Sozialismus in Luxemburg. Von den Anfängen bis 1940, erausgi vum C.R.E.S. (Centre de recherches et d'études socialistes), 1979, Lëtzebuerg, 484 Säiten
  • Fayot. Ben: Sozialismus in Luxemburg. von 1940 bis zu Beginn der achtziger Jahre, o. J.

[änneren] Referenzen

  1. P. Kieffer et al.: 50 Jahre Dienst am Volke. Das Werden und Wachsen der sozialistischen Bewegung in Luxemburg. Bd. 1: Von 1900-1924. Lux. Genossenschaftsdruckerei, Esch/Alzette 1952, S. 16: Am 2. Sonntag im Januar 1902, fand die Gründungsversammlung der sozialdemokratischen Partei statt. Dat wier den 12. Januar 1902.
    De P. J. Muller (Tatsachen aus der Geschichte des Luxemburger Landes. Vlg. "De Frendeskres" u. Impr. Bourg-Bourger, Luxembourg 1968, S. 324) gëtt de 5. Januar 1902 als Grënnungsdag un; dat wier den 1. Sonndeg am Januar 1902.
    Beim B. Fayot liest een: Allgemein wird angenommen, daß die heutige LSAP am Sonntag, den 26. Januar 1902 in der Hauptstadt gegründet wurde. (B. Fayot: Sozialismus in Luxemburg. Von den Anfängen bis 1940. C.R.E.S., Luxemburg 1979, S. 67). Deen Datum -d.h. den 3. Sonndeg am Januar 1902 — fënnt een och an der Brochure 100 Joer Sozialistesch Partei zu Lëtzebuerg. LSAP 1902-2002: le LSAP hier et aujourd'hui, Édition de la Mémoire Socialiste, Luxembourg 2003, S. 15, mat der Prezisioun, dat wier d'Grënnung vun der Lokalsektioun vun der Stad Lëtzebuerg an Ëmgéigend (Sozialdemokratischer Verein für Luxemburg und Umgebung) gewiescht.

[änneren] Um Spaweck

Perséinlech Tools
Nummraim

Varianten
Aktiounen
Navigatioun
Geschirkëscht
An anere Sproochen