Steier
| Dësen Economiesartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Thema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Eng Steier ass e Prelevement op de Besëtz vun enger Kollektivitéit, deen hautdesdaags nëmmen nach a Form vu Geld agezu gëtt, mä fréier och an Natur konnt sinn. Steiere ginn agezunn fir de Budget vun der Kollektivitéit ze fëllen, (Staat, Departement, Regioun, Provënz asw.).
Et gi verschidden Zorte vu Steieren, déi sech an zwou grouss Kategorien andeele loossen: direkt Steieren an indirekt Steieren.
Zu Lëtzebuerg ginn déi direkt Steiere vun der Administration des contributions directes, der Steierverwaltung agezunn. Fir ë. a. d'Stempelsteier, d'Ierfschaftssteier an TVA ass d'Administration de l'enregistrement et des domaines zoustänneg, an ëm d'Akzisen, d'Alkohol-, d'Auto- an d'Cabaretagesteier këmmert sech d'Administration des douanes et accises.
Kuckt och [änneren]
Um Spaweck [änneren]
| Commons: Steier – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- (de) Linksammlung zu internationale Steierrechter
- (en) OECD-Steieranalys
- (fr) Taux de TVA appliqués dans les États membres um Site vun der Europäescher Kommissioun.