Sauer

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Disambig.svg Dës Säit beschäftegt sech mat dem Floss Sauer. Fir aner Bedeitungen, kuckt w.e.g. Sauer (Homonymie).
Sauer
Mautlindje seure wi.jpg
Längt 206 km
Héicht vun der Quell
oder Zesummelaf
510 m
Duerchschnëttsdebit m³/s
Fläch vum Baseng 4 240 km²
Leeft an: Musel
Floss - Hydrologie

Inhaltsverzeechnes

[änneren] Beschreiwung

D'Sauer ass en Niewefloss vun der Musel.

Si entspréngt zu Vaux-lez-Rosières, am Südoste vun der Belsch. Vu Rombech un op enger 4 km no Norden mécht si d'Grenz tëscht Lëtzebuerg an der Belsch, ier se da queesch duerch d'Éislek leeft. Zu Esch-Sauer gëtt si zu engem Stauséi gestaut. Dësen ass den Zentrum vum Naturpark Uewersauer, an am Summer eng beléifte Vakanzeplaz. An éischter Linn ass en awer virun allem en Drénkwaasserreservoir. Zu Wallenduerfer-Bréck geet d'Sauer da Richtung Süde bis op Waasserbëlleg a mécht op där Streck, als Kondominium, d'Grenz tëscht Lëtzebuerg an Däitschland.

Zu Waasserbëlleg op der "Spatz", deem déifste Punkt vum Land, fléisst d'Sauer an d'Musel.

D'Sauer ass 206 km laang, dovunner sinn 136 km op Lëtzebuerger Territoire.

[änneren] Uertschaften un der Sauer

D'Sauer bei Winville
D'Sauer bei der Mille vun Oeil
Den Uewersauerstauséi
D'Sauer zu Esch-Sauer
D'Sauer am Heischtergronn
D'Sauer op der Toodlermillen
Zesummefloss vu Sauer a Wolz op der Giewelsmillen, lénks d'Sauer ënner der Bréck d'Wolz
D'Sauer bei Wallendorf.
D'Sauer virun Iechternach
D'Sauer leeft an d'Musel. Iwwert der Sauer d'Eisebunnsbréck an hannendrun d'Bréck fir den normale Verkéier - déi zwou Brécke verbanne Lëtzebuerg mat Däitschland

[änneren] Belsch

[änneren] Lëtzebuerg

[änneren] Däitschland

[änneren] Et lafen an d'Sauer (dem Waasserlaf no)

[änneren] An der Belsch

  • Ruisseau du Wé (riets)
  • Ruisseau du Bultai (riets)
  • Ruisseau du Grand-Pré (lénks)
  • Ruisseau de la Fagne de Lescheret (riets)
  • Geronne (riets)
  • Ruisseau de La Moyémont (riets)
  • Chiehet (riets)
  • Ruisseau de Lipré (lénks)
  • Strange lénks
  • Ruisseau de Geronval (riets)
  • Ruisseau de Savipré (lénks)
  • Ruisseau de Tranquebois (riets)
  • Wissbich (riets)
  • Kleppelbaach (riets)
  • Molscht (lénks)

[änneren] Zu Lëtzebuerg

[änneren] An Däitschland

[änneren] Linken

[änneren] Kuckt och

Commons: Sauer – Biller, Videoen oder Audiodateien

[änneren] Um Spaweck

Perséinlech Tools
Nummraim

Varianten
Aktiounen
Navigatioun
Geschirkëscht
An anere Sproochen