Prüm (Floss)

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Prüm
Pruem waxweiler.jpg
Längt 95 km
Héicht vun der Quell
oder Zesummelaf
600 m
Duerchschnëttsdebit m³/s
Fläch vum Baseng 888,75 km²
Leeft an: Sauer
Floss - Hydrologie
D'Prüm tëscht Prümzurlay an Irrel

D'Prüm ass e 85 km laange Floss an der Äifel (Rheinland-Pfalz). Si huet hir Quell an der Schneifel tëscht Ormont a Reuth op enger Héicht vu 600 m am Arenberger Forst.

Si leeft duerch d'Gemengen Neuendorf, Olzheim, Niederprüm, Prüm, Watzerath, Pittenbach, Pronsfeld, Lünebach, Merlscheid, Kinzenburg, Waxweiler, Niederpierscheid, Mauel, Merkeshausen, Echtershausen, Hamm, Wiersdorf, Hermesdorf, Wißmannsdorf, Brecht, Oberweis, Bettingen, Wettlingen, Peffingen, Holsthum, Prümzurlay, Irrel a Menningen

Tëscht Prümzurlay an Irrel mécht si e klenge Waassefall, dee, jee nodeem, "Prümer Wasserfälle" oder "Irreler Wasserfälle" genannt gëtt.

Zu Holsthum gëtt si duerch d'Enz an zu Irrel duerch d'Nims gefiddert. E bësse méi wäit, zu Minden leeft d'Prüm an d'Sauer.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Prüm – Biller, Videoen oder Audiodateien