Minden (Sauer)
|
|||||
|---|---|---|---|---|---|
| Land: | |||||
| Bundesland : | |||||
| Landkrees : | |||||
| Verbandsgemeng : | |||||
| Fläch : | 375 ha | ||||
| Awunner : | 142 (31. Dez. 2010) | ||||
| Koordinaten : | 49° 49' 29" N 06° 28' 06" O |
||||
| Lag vun der Uertschaft (rout) an der Verbandsgemeng Irrel (rosa) | |||||
Minden, ass eng Uertsgemeng an der Verbandsgemeng Irrel am Äifelkrees Béibreg-Prüm, am däitsche Bundesland Rheinland-Pfalz.
Et läit un der Sauer, do wou d'Prüm draleeft, praktesch vis-à-vis vum lëtzebuergesche Steenem.
Inhaltsverzeechnes |
[änneren] Geschicht
Um Territoire vu Minden goufen archeologesch Fondsaachen aus der Virgeschicht a Spure vu Sidlungen aus der réimescher a fränkescher Zäit fonnt. Eng éischte Kéier schrëftlech ernimmt gouf et als "Munda" an enger Charte aus dem 12. Jorhonnert, an där vun enger fréiere Besëtz vum Klouschter Iechternach bei enger Millen zu Munda rieds geet. 1326 gouf do eng Kierch attestéiert.
Am 15. Jorhonnert war de Johan von Vinstingen, Falkenstein a Bettingen Besëtzer vu Minden.
Bis zu der Franséischer Revolutioun huet Minden (wéi och Menningen an Irrel) zu der Par St.-Péiter-a-Pol vun Iechternach gehéiert.
Minden (Sauer) war en Halt vun der Nims-Sauertalbahn. Haut geet iwwer den Tracé vun der fréierer Bunn e Vëloswee.
[änneren] Bevëlkerung
Entwécklung vun der Zuel vun den Awunner (31. Dezember):
|
|
|
Source: Statistisches Landesamt Rheinland-Pfalz
[änneren] Kuckeswäertes
D'Kierch, déi am Ufank vum 12. Jh. am romanesche Stil gebaut, a 1717 vergréissert an ëmgebaut gouf. Si ass dem Hellege Sylvester geweit.
[änneren] Um Spaweck
| Commons: Minden – Biller, Videoen oder Audiodateien |