Kondominium
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Schëld op enger Sauerbréck, Flossop gekuckt: lénks, den Uwänner, ass lëtzebuergeschen Territoire, riets, de Floss, däitsch-lëtzebuergesche Kondominium.
E Kondominium (vum lat. con-dominium, „gemeinsam Proprietéit“; och: Kondominat) ass eng Herrschaft iwwer en Territoire, dee vu méi wéi engem Herrschaftsdréier (meeschtens zwéin) ausgeübt gëtt. Och den Territoire selwer gëtt Kondominium genannt.
An der europäescher Geschicht gouf et e ganze Koup Beispiller vun esou Kondominien. Wéi déi modern Nationalstaate bis entstane sinn, sinn déi meescht dovunner opgeléist ginn.
Beispiller fir Kondominien, déi et haut nach gëtt:
- d'Our, d'Sauer an d'Musel op deene Stécker vun hirem Laf, wou se d'Grenz tëscht Lëtzebuerg an Däitschland maachen (Ausname sinn d'Schleisekonstruktiounen an dat Stéck vum Laf vun der Our duerch Veianen).
- de Brčko-Distrikt am Nordoste vu Bosnien-Herzegowina, deen zesumme vun der Federatioun vu Bosnien an Herzegowina an der Republika Srpska verwalt gëtt;
- d'Mönchsrepublik Athos, um Bierg mam selwechten Numm, iwwer deen zesumme Griicheland an d'Ekumenescht Patriarchat vu Konstantinopel d'Herrschaft hunn;
- d'Fasaneninsel, dat klengste Kondominium vun der Welt, am Floss Bidasoa, iwwer déi d'Herrschaft all sechs Méint tëscht Spuenien a Frankräich wiesselt;
- Andorra war vum Fridde vu Lleida, den 8. September 1278, bis zu senger neier Verfassung vun 1993 e Kondominium ënnert der Verwaltung vum Bëschof vun Urgell an dem Staatschef (Kinnek, resp. President) vu Frankräich. Zënterhier ass Andorra e souveräne Staat mat der Partikularitéit, datt en zwéi Staatscheffen huet: de Bëschof vun Urgell an de President vun der Franséischer Republik.