Schëffsschleis
Eng Schëffsschleis ass eng Virriichtung an engem Floss oder Kanal, deen als Waasserstrooss benotzt gëtt, fir datt Schëffer kënnen, ënnerschiddlech Niveauen, sief et bei engem Barrage oder bei enger "Kräizung" vu Waasserstroossen, iwwerwannen.
D'Prinzip besteet doranner, datt d'Schëffer an enger Zort "Bidden", Schleisekummer genannt, mat enger Paart vir an hannen, déi entweder voll- oder eidellafe gelooss gëtt, den Héichtenënnerscheed tëscht dem Uewer- an dem Ënnerlaf kënnen iwwerwannen.
Op kanaliséierte Flëss gi meeschtens verschidden Zorte vu Schleisen niewentenee bedriwwen:
- Schëffsschleise si fir gréisser Schëffer geduecht;
- Bootschleise si fir méi kleng Booter, z. B. Sportsbooter geduecht.
Jee no Bauweis gëtt ënnerscheet tëscht der normaler rechteckeger Schleis, de Ronnkummerschleisen, an de Bauchschleisen. Et gi verschidden Zorte vu Schleisepaarte benotzt. Dobäi gëtt ënnerscheet tëscht de Parten déi wéi eng normal Paart mat zwéi Flilleke fonctionnéiert, a Paarten déi aus engem Deel bestinn deen ofgesenkt oder an d'Luucht gezunn gëtt, an déi, bei deenen Paart wéi eng Rulldir op d'Säit gezunn gëtt.
Wa méi Schleisen hannerenee stinn schwätzt e vun enger Schleisentrap, wéi déi vu Fonserannes, déi niewendrun och nach eng Schleis huet déi als Waasserutsch funktionéiert.
Eng ganz speziell Erfindung ass d'Diagonalschleis.
Déi gréisst Schleis vun der Welt ass d'Berendrecht-Schleis bei Antwerpen. Si ass 500 Meter laang an 90 m breet.
D'Schleise si genee wéi d'Schëffer a Klassen agedeelt, déi d'Gréisst vun der Schleis, respektiv d'Längt an d'Breet vun engem Convoi bestëmmen. Dat sinn d'CEMT-Klasse fir Schëffer.
Inhaltsverzeechnes |
Schëffslifter[änneren]
Fir grouss Héichten z'iwwerwannen, ginn d'Schleisen duerch Liftsystemer ersat, esou wéi z. B. d'Plans inclinéë vu Ronquières a vun Arzviller oder Lifter bei deenen de Baseng a stole Seeler hänkt wéi beim Schëffslift vu Strépy-Thieu oder op engem hydraulesche Kolwe steet, wéi bei de Schëffslifter vum Canal du Centre. Eng besonnesch Konstruktioun ass d'Rad vu Falkirk. De Virdeel vu Schëffslifter ass, datt de Schleisevirgank méi séier ass wéi an enger normaler Schleis, an datt de Waasserverbrauch praktesch Null ass.
Reglementer[änneren]
Fir d'Schleisevirgäng ze reglementéieren, z. B. Prioritéite bei der Afaart an d'Schleise gëtt et Navigatiounsreglementer déi an de Länner déi zu der EWG gehéieren gréisstendeels um Code européen des voies de navigation intérieure baséieren. Dozou kënnen nach lokal Reglementer kommen.
D'Kommunikatioun tëscht de Schëffer an de Schleisewiechtere gëtt iwwer Radio ofgewéckelt, an dofir hu se speziell Radiosfrequenzen.
Speziell Signalisatiounen soen de Kapitäne wou d'Entrée vun der Schleis ufänkt, oder weisen hinne wou eng Salle d'attente ass, an där d'Schëffer musse waarde bis d'Schleisekummer fräi ass. Liichtsignaler soen hinnen op se däerfen erafueren oder net.
Schëffschleisen zu Lëtzebuerg[änneren]
Zu Lëtzebuerg ginn et zwou Staustufen op deenen zwéin Type vu Schleise beienee bedriwwe ginn; béid leien un der Musel:
- Staustuf Stadbriedemes-Palzem (Muselkilometer 229,87)
- Staustuf Gréiwemaacher-Wellen (Muselkilometer 212,85)
Um Spaweck[änneren]
| Commons: Canal locks – Biller, Videoen oder Audiodateien |