Fasaneninsel
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Geographesch Koordinaten:
43° 20’ 34.23’’ N 01° 45’ 55.85’’ W
D'Fasaneninsel, op Spuenesch Isla de los Faisanes am ënneschten Deel vum Floss Bidasoa an Nordspuenien ass e Kondominium vu Frankräich a Spuenien.
Op där Insel gouf de 7. November 1659 de Pyrenäe-Fridden no zéie Verhandlunge geschloss. E Monument an der Mëtt vun der Insel erënnert dorun.
A senger Eegeschaft als Zeremoniemeeschter um Kinnekshaff vu Madrid hat den Diego Velazquez op der Fasaneninsel d'Treffe vun de Kinnekskanner organiséiert, ier et den 9. Juni 1660 zu Saint-Jean-de-Luz zu der Hochzäit vum Kinnek Louis XIV. mat der Infantin vu Spuenien, der Marie-Thérèse vun Éisträich koum.
| Commons: Pheasant Island – Biller, Videoen oder Audiodateien |