Laurent Mosar
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
De Laurent Mosar, gebuer den 8. Februar 1958 an der Stad Lëtzebuerg, ass e lëtzebuergesche Politiker (CSV) a vu Beruff Affekot.
Hien ass 1994 eng éischte Kéier an d'Chamber gewielt ginn a gouf zënterhier, fir d'lescht 2009, ëmmer nees erëmgewielt (1999 nogerëtscht). 2009 gouf hie Chamberpresident.
Zënter 1997 ass de Laurent Mosar och Conseiller an der Gemeng Lëtzebuerg, wou hien tëscht 2000 an 2005 Schäffe war.
Säi Papp war de Nicolas Mosar.
Gielercher [änneren]
- Officier vum Ordre de Mérite du Grand-Duché de Luxembourg (Promotioun 1999)[1]
- Officier vum Ordre de la couronne de chêne (Promotioun 2004)[2]
Referenzen [änneren]
- ↑ Memorial B n° 58 vun 1999 mat der Lëscht vun de Leit déi 1999 eng national Auszeechnung kritt hunn Op der Säit 1149 vun deem Memorial steet 'Promotion 1999' während op der Säit 1150 'Promotion 1998' steet. 1999 ass wuel richteg wëll de Memorial op den 1. Dezember 1999 datéiert ass.
- ↑ Compte rendu des séances publiques n° 17 session 2003-2004