Jean Spautz

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
De Jean Spautz (1986).

De Jean Spautz, gebuer den 9. September 1930 zu Schëffleng, ass e lëtzebuergesche Gewerkschaftler a Politiker.

De Jean Spautz war Aarbechter um Walzwierk op der Arbed. Hien huet sech fréi politesch engagéiert. Vun 1954 bis 1958 war hie President vun der JOC a vun 1960 bis 1966 President vun der Jugendsektioun vun der CSV. Vun dëser Partei war hien och vun 1982 bis 1990 President. President vum LCGB war hie vun 1967 bis 1980.

De Jean Spautz war tëscht 1964 an 1980 Member vum Schëfflenger Gemengerot an zousätzlech tëscht 1975 an 1980 Schäffen.

Vun 1959 bis 1980 war hien Deputéierten an der Chamber. 1979-1980 war en hire Vizepresident a vun 1995 bis 2004 hire President.

Vun 1980 bis 1989 war hien Inneminister, Minister fir Famill, Soziale Wunnengsbau a sozial Solidaritéit an der Regierung Werner-Thorn-Flesch a Santer-Poos I. Vun 1989 bis 1995 war hien Inneminister a Minister fir Wunnengsbau an Urbanismus an der Regierung Santer-Poos II an III.

Vun 1979-1980, an dann nees vun 2004-2009, war hien Deputéierte vum Europäesche Parlament. Hie war och Member vun der Assemblée consultatice vum Europarot a vun der Westeuropäescher Unioun (1968-1979).

De Jean Spautz ass de Papp vum Marc Spautz.

Gielercher[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Jean Spautz – Biller, Videoen oder Audiodateien


Chamberpresidenten

Gaspard-Théodore-Ignace de la Fontaine - Charles Metz - Théodore Pescatore - Victor de Tornaco - Jean-Mathias Wellenstein - Jean-Pierre Toutsch - Norbert Metz - Michel Witry - Paul de Scherff - Félix de Blochausen - Jean Pierre Foehr - Jacques-Gustave Lessel - Zénon de Muyser - Emmanuel Servais - Théodore Willibrord de Wacquant - Charles-Jean Simons - Auguste Laval - Edouard Hemmer - François Altwies - René Blum - Emile Reuter - Joseph Bech - Victor Bodson - Romain Fandel - Pierre Grégoire - Antoine Wehenkel - René Van Den Bulcke - Léon Bollendorff - Erna Hennicot-Schoepges - Jean Spautz - Jean Asselborn - Lucien Weiler - Laurent Mosar - Mars Di Bartolomeo
Doyens d'âge: Mathias Ulrich - Jean-Pierre Urwald - Nicolas Wirtgen


Referenzen[änneren | Quelltext änneren]