Emmanuel Servais
Den Lambert Joseph Emmanuel Servais gebuer den 11. Abrëll 1811 zu Miersch, a gestuerwen de 17. Juni 1890 zu Bad Nauheim, war e lëtzebuergesche Politiker an Auteur.[1]
Inhaltsverzeechnes |
Säi Liewen [änneren]
Den Emmanuel Servais huet vun 1829 bis 1833 zu Gent, Paräis a Léck Droit studéiert a sech dono zu Arel als Affekot niddergelooss. Hien huet eng aktiv Roll bei der Belscher Revolutioun gespillt a gouf Member vum Provënzialrot. An deene Joren huet hien och eng Zeitung gegrënnt an erausginn, L'écho du Luxembourg.
1839 ass den Emmanuel Servais zréck op Miersch komm an huet sech um Barreau an der Stad Lëtzebuerg ageschriwwen.
Tëschent 1841 an 1848 war e Member vun der Versammlung vun de Stänn, an 1848, als Vertrieder vum Kanton Miersch, an der Assemblée constituante.
Hie war och 1848-1849 Deputéierten an der Frankfurter Nationalversammlung
Vun 1853 bis 1857 war hien Administrateur général vun de Finanzen - haut géif ee Minister soen - an der Regierung Simons.
Vum 28. November 1857 bis den 3. Dezember 1867 war hie Member vum Staatsrot.[2]
Enn 1867 gëtt hie Staatsminister a President vun der Regierung (bis de 26. Dezember 1874, wéi en iwwerraschend säi Récktrëtt bekannt gëtt).
Vum 27. Dezember 1874 bis den 8. November 1887 war hie President vum Staatsrot.[3]
Vun 1887 bis 1890 war hie President vun der Chamber.
Vun 1875 bis 1890 war hie Buergermeeschter vun der Stad Lëtzebuerg.
Den Emmanuel Servais huet véier Lëtzebuerger Konstitutioune mat ausgeschafft: déi vun 1841, 1848, 1856 an 1868, an huet mam Victor de Tornaco zesummen den Traité vu London vun 1867 mat ënnerschriwwen.
No där aussergewéinlecher politescher Carrière huet hie sech och als Auteur en Numm gemaach, z. B. iwwert déi réimesch Institutioune vun der Zäit virum Zweete Punesche Krich.
Seng Autobiographie ass 1990 vun der Fondation Servais nees nei publizéiert ginn.
Den Emmanuel Servais war de Papp vum Émile Servais an de Brudder vum Philippe Servais.
Seng Publikatiounen [änneren]
- Servais, E., 1895. Autobiographie. Publications de la Section historique de l'Institut grand-ducal de Luxembourg, vol. 43. Imprimerie V. Buck. [1990 nei erausgi vun der Fondation Servais, Imprimerie Centrale. 211 S.].
Gielercher [4] [änneren]
- Grand-Croix vum Ordre de la couronne de chêne (Promotioun 1867)
- Grand-Croix vum Ordre de Léopold (Promotioun 1869)
- Grand-Croix vum 'Lion néerlandais' (Promotioun 1855)
- Grand-Croix vum Ordre de Mérite civil et militaire d'Adolphe de Nassau (Promotioun 1889)
- Commandeur vun der Légion d'honneur (Promotioun 1868)
- 2. classe Chevalier vum 'Aigle Rouge de Prusse' (Promotioun 1865)
- Médail vun der 'Croix-Rouge française' (1870/71)
Kuckt och [änneren]
| Virgänger: Charles Simonis |
Buergermeeschter vun der Stad Lëtzebuerg 1875 - 1890 |
Nofolger: Dominique "Alexis" Brasseur |
Referenzen [änneren]
- Lëtzebuergesch Chamberpresidenten
- Presidente vum Staatsrot zu Lëtzebuerg
- Lëtzebuergesch Premierministeren
- Ausseministere vu Lëtzebuerg
- Finanzministere vu Lëtzebuerg
- Lëtzebuergesch Ministeren
- Buergermeeschtere vun der Stad Lëtzebuerg
- Lëtzebuergesch Buergermeeschteren
- Lëtzebuergesch Auteuren
- Lëtzebuergesch Affekoten
- Grand-croix de l'ordre de la couronne de chêne
- Légion d'honneur
- Ordre de Léopold
- Ordre de Mérite civil et militaire d'Adolphe de Nassau
- Gebuer 1811
- Gestuerwen 1890
