Punesch Kricher

Vu Wikipedia
Kaart vum Mëttelmierraum am 218 v. Chr.

Als Punesch Kricher bezeechent een déi dräi Kricher, déi tëscht Karthago a Roum vun 264 bis 146 viru Christus ausgedroe goufen. D'Karthager, och Punier genannt, sinn d'Phönizier.

Éischte Punesche Krich (264-241 v. Chr.)[änneren | Quelltext änneren]

Den éischte Punesche Krich gouf laangfristeg ausgeléist duerch de Sträit vun de Réimer, déi hir Söldnerarméi um Festland agesat hunn, an de Karthager, déi op d'Schëfffahrt spezialiséiert waren. Griichen hu sech op Sizilien vill Jore virdrun niddergelooss. Zu Messina koum et zu Problemer tëscht de Griichen. Déi eng hunn d'Réimer zu Hëllef geruff, déi aner d'Karthager.

260 v. Chr.: Bis zu deem Zäitpunkt haten d'réimesch Genereel hir Legiounen ni baussent Italie gefouert. Mä dunn hu se d'Awunner vu Syracus, Alliéierter vun de Karthager, besiigt. Op der anerer Säit hunn d'Karthager um Mëttelmier mat hire Schëffer geglänzt. D'Réimer, déi ni mat Schëffer an de Kampf gaange waren, hunn entschloss elo awer Schëffer ze bauen. Als Modell hu se e Schëff vun de Karthager geholl, wat enges Daags u réimeschen Territoire gespullt gouf. D'Réimer hunn honnert där Schëffer gebaut; als Erfindung vun hinnen koum de sougenanntene corvi (Kueb (Entersystem)Kueb) derbäi. D'Kuebe ware Passerelle mat enger laanger Pick op der ënneschter Säit. Sou konnt e Schëff geentert ginn.

De Konsul Caius Duilius huet dunn e grousse Kampf gemaach an huet dobäi 60 Schëffer vun de Karthager "um Schlawitche" geholl an zerstéiert. Als Erënnerung un déi Victoire hunn d'Réimer eng Siegessail um Forum opgeriicht.

255 v. Chr.: Duerno hunn d'Senatoren déi zwéi Konsule Regulus a Manlius an Afrika geschéckt. No enger grousser Victoire huet de Manlius vill Krichsgefaangener a vill erbeitet Saachen op Roum geschéckt. Aus de Gefaangene goufe wuel Sklaven, sou wéi dat an der réimescher Zivilisatioun Brauch war. Elo ass et de Karthager duergaangen: Si hunn e berüümte Krichschef, de Griich Xanthippus, ëm Hëllef gefrot. Hien huet d'Truppen mat grousser Wäisheet gefouert. Elefante ware genee wéi am zweete Punesche Krich och mat vun der Parti. D'Réimer hunn et mat der Angscht ze di kritt beim Ubléck vun deene riisegen Déckhäiter. Net vill Leit hunn iwwerlieft, souguer de Regulus gouf gefaange geholl.

An dat war och irgendwéi gutt: D'Karthager soten him, hie soll op Roum goen an als Ambassadeur virun de Senat goen. Falls d'Réimer all gefaange Karthager géife fräiloossen, sou wier hie selwer fräi an e kéint zeréck an Italien. Mä hie misst zeréck op Karthago kommen, a wann d'Réimer net jiddwer Karthager géife fräiloossen, da géif hien op éiweg selwer Gefaange bleiwen. De Regulus huet geschwuer, mä sou bal hien zu Roum war, huet en zu de Senatore gesot, se däerften d'Karthager net fräiloossen, well et si jonk Mënschen a gutt Krichscheffen. Allerdéngs wier hie schonn en ale Mann. Hie misst zeréck op Karthago, well hien dat geschwuer hat. Weeder d'Léift zur Heemecht nach déi zur Fra oder d'Wierder vun den Eltere konnten hien emstëmmen. Zeréck an Afrika gouf hien ermuert.

241 v. Chr.: De Konsul Caius Lutatius huet dunn e Séikampf bei den Iles Egates, déi an der Géigend vu Sizilien leien, engagéiert. Victoire vun de Réimer war de Schluss vum éischte Punesche Krich no 24 Joer. Karthager hu kapituléiert, a Sizilien souwéi 80 Tonne Sëlwer un d'Réimer ofginn.

Zur finanzieller Verwaltung vun dëser neier Insel hunn d'Réimer Zöllner agesat. Déi hunn d'Inselbewunner wuel ausgequetscht: Si hunn de Bewunner méi héich Zomme gefrot, wéi s'am Fong hätte missen u Roum ofginn. Doduerch hunn déi Zöllner sech eng gëlle Nues verdéngt. Dunn huet en Opstand vun de Söldner zu Karthago fir Onfridden gesuergt. Roum profitéiert, besetzt Sardinien a Korsika a kasséiert och nach 30 weider Tonne Sëlwer. Karthago sicht dofir Ersatz a Spuenien. Den Lutatius-Traité trennt d'Interessegebidder. Alles südlech vum Ebro war also Gebitt vun de Karthager. D'Réimer hunn am zweete Punesche Krich dem Hannibal virgehäit, hien hätt géint den Traité verstouss wéi e Sagunt ageholl huet. Mä Sagunt läit däitlech südlech vum Ebro. Dat war d'Ursaach fir den zweete Punesche Krich.

Zweete Punesche Krich[änneren | Quelltext änneren]

Am Fréijoer 217 v. Chr. koum et zur Schluecht beim Trasimeno-Séi, bei där de karthagesche Feldhär Hannibal d'Réimer geschloen huet.

Drëtte Punesche Krich[änneren | Quelltext änneren]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Réimescht Räich – All d'Artikelen op der Wikipedia iwwer d'Réimescht Räich.
Commons: Carthaginian wars – Biller, Videoen oder Audiodateien