Hannibal

Vu Wikipedia
Hannibal
Gebuer 247v. Chr.
Karthago
Gestuerwen 183v. Chr.
Gebze
Doudesursaach Vergëftung
Aktivitéit Politiker, Feldhär
Famill
Bestuet mat Himilce
Papp Hamilkar Barkas
Geschwëster Hasdrubal, Mago
Kanner Aspar Barca

Den Hannibal, gebuer 247 v. Chr. zu Karthago a gestuerwen 183 v. Chr. zu Libyssa), war e karthagesche Feldhär.

Vu sengem Papp, dem Hamilkar Barkas, gouf den Hannibal zu engem Géigner vun de Réimer erzunn. Nom Doud vu sengem Schwoer Hasdrubal am Joer 221 v. Chr. gouf hien den ieweschte Chef vun de karthageschen Truppen a Spuenien. Fir engem Ugrëff vun de Réimer op Afrika zevirzekommen, awer och fir d'Stad Sagunt ze bestroofen, well se Kontakt mat Roum opgeholl hat, obwuel se am karthagesche Muechtberäich louch, huet den Hannibal 219 v. Chr. Sagunt zerstéiert an 218 v. Chr. mat senger Arméi iwwer den Ebro gesat, deen den Hasdrubal als Grenzfloss mam Réimesche Räich ausgemaach hat, fir déi respektiv Muechtberäicher ofzegrenzen. Doduerch huet den Hannibal, deen d'Reaktioun vun de Réimer sécher virausgerechent hat, den Zweete Punesche Krich ausgeléist.

218 v. Chr. ass den Hannibal mat 30 000 Fousszaldoten, 8 000 Reider a 37 Elefanten iwwer d'Alpe gezunn an ass fir d'Réimer ganz iwwerrraschend, an Norditalien opgedaucht. An 3 grousse Schluechten huet hien d'réimesch Arméi geschloen, huet sech awer net getraut, d'Stad Roum direkt unzegräifen. Duerch d'Taktik vun de Réimer goufen dem Hannibal seng Truppen am südlechen Italien no an no geschwächt, an doriwwer eraus huet de Feldhär kaum nach Ënnerstëtzung aus senger Heemecht kritt, wou räich Händler d'Soen haten an net bereet waren, weider Geld an aner Mëttel an eng verfuere Situatioun ze pompelen. D'Arméi, déi him sollt zu Hëllef komme, gouf 207 v. Chr. vun de Réimer zerstéiert.

A 16 Joer Krich, zwar ongeschloen awer ouni gräifbare Succès, gouf den Hannibal 203 v. Chr. op Karthago zeréckgeruff fir d'Stad géint de Publius Cornelius Scipio ze verdeedegen. Den Hannibal huet awer 202 v. Chr. an der Schluecht vun Zama verluer, an doduerch war déi grouss karthagesch Handelsmuecht definitiv zerstéiert.

195 v. Chr. ass den Hannibal virun de Réimer a Syrien, duerno op Kreta, a schliisslech a Klengasien geflücht. Mä och do hunn d'Réimer den Hannibal entdeckt, an hien huet sech léiwer d'Liewe geholl wéi datt en a réimesch Gefaangenschaft sollt kommen.

Réimescht Räich – All d'Artikelen op der Wikipedia iwwer d'Réimescht Räich.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • La véritable histoire de Hannibal; Sammlung vu réimeschen Texter zum Hannibal & Kommentare vum Jean Malye; Paräis (Les Belles Lettres), 2011; ISBN 978-2-251-04011-0
  • Habib Boularès, Hannibal; Paräis (Perrin), 2000; 301 S.; ISBN 2-262-01628-3
  • Pedro Barceló, Hannibal, Stratege und Staatsmann (aus dem Spueneschen iwwersaat); Stuttgart (Klett-Cotta), 2004; 320 S.; ISBN 3-608-94301-3

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Hannibal – Biller, Videoen oder Audiodateien