Traité vu London (1867)

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
History template.gif Dëse Geschichtsartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Thema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran.
Säit mat den Ënnerschrëften a Sigelen

Den Traité vu London aus dem Joer 1867 war d'Resultat vun engem Kongress, deen tëscht dem 7. an dem 11. Mee 1867 zu London ofgehale gouf. D'Zil vun dësem Kongress war et, eng Léisung fir d'Lëtzebuerg-Kris ze fannen.

De Wëllem III. wollt nämlech Lëtzebuerg un den Napoléon III. verkafen, mä den Otto von Bismarck war domat net d'accord. Am Traité vu London gouf d'Fro geregelt, a Lëtzebuerg a Limburg aus dem Däitsche Bond entlooss. Lëtzebuerg krut seng Onofhängegkeet an et gouf als neutral erkläert. Dofir huet d'Festung Lëtzebuerg misse geraumt an uschléissend geschleeft ginn.

D'Schleefe vun der Festung huet 16 Joer gedauert (1867-1883), woubéi d'Obbaute vum Bock verschwonne sinn, awer glécklecherweis d'Kasematte wéinst Gefor fir d'Stad net gesprengt konnte ginn.

Ënnerschrëften um Traité[änneren | Quelltext änneren]

Dës Länner hunn, duerch hir Representanten, den Traité vu London ënnerschriwwen:

Italien war am Ufank net op d'Konferenz invitéiert, well et sougutt wéi näischt direkt mat Lëtzebuerg ze dinn hat. Mee dëst war eng giedelech Geleeënheet fir de Kinnek Vittorio Emanuele, fir datt dat nei geschafent Italien mat den anere Groussmuechten zesummen op enger internationaler Konferenz kéint dobäisinn, an hien huet déi aner iwwerzeegt kritt, datt säi Land mat um Dësch sollt sëtzen.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]