Lëtzebuerg (Land)
| Dësen Artikel beschäftegt sech mam Land Lëtzebuerg. Fir aner Bedeitungen, kuckt w.e.g. Lëtzebuerg. |
| Groussherzogtum Lëtzebuerg Grand-Duché de Luxembourg Großherzogtum Luxemburg |
|||||
|
|||||
| National Devise: Mir wëlle bleiwe wat mir sinn | |||||
| Offiziell Sprooch: | Lëtzebuergesch, Däitsch, Franséisch | ||||
| Haaptstad: | Lëtzebuerg | ||||
| • Awunner: | 100.000 | ||||
| • Koordinaten: | 49°36'N, 6° 8'E | ||||
| Staatsform: | Konstitutionell Monarchie | ||||
| • Groussherzog: | Henri | ||||
| • Premierminister: | Jean-Claude Juncker | ||||
| Fläch: | 2 586 km² (166.) | ||||
| Bevëlkerung: | 537 039(1.2.2013) (169.) | ||||
| • Bevëlkerungsdicht: | 208,44/km² | ||||
| Onofhängegkeet: | 19. Abrëll 1839 vun Holland (Vertrag vu London)
11. Mee 1867 international unerkannt (2. Vertrag vu London) |
||||
| Nationalfeierdag: | 23. Juni | ||||
| Nationalhymn: | Ons Heemecht (Lauschteren) |
||||
| Währung: | Euro (virun 1999: Lëtzebuerger Frang) | ||||
| Zäitzon: | UTC +1 (+2 am Summer) | ||||
| Internet TLD: | .lu | ||||
| Internationalen Telefonsprefix: |
+352 | ||||
Lëtzebuerg, offiziell d'Groussherzogtum Lëtzebuerg, ass e Land an Europa, dat tëschent Däitschland, der Belsch a Frankräich läit. Et huet eng Fläch vun 2.586 km² an hat den 1. Januar 2013 geschaten 537 039 Awunner[1]. Lëtzebuerg ass Member vun der UEBL, dem Benelux, der Europäescher Unioun, der OECD an der NATO.
Inhaltsverzeechnes |
Geschicht [änneren]
Note: Vun der Geschicht vum haitege Staat Lëtzebuerg kann een eréischt vum 19. Joerhonnert u schwätzen. Virdrun ass d'Geschicht vu Lëtzebuerg als déi vun der Géigend ze verstoen, resp. där vun der Grofschaft an duerno dem Herzogtum mam selwechten Numm.
Grofschaft, dann Herzogtum Lëtzebuerg [änneren]
Ëm d'Joer 963 (den Datum ass ëmstridden) huet den Siegfried aus dem Haus vun den Ardennergrofen mat der Abtei Sankt Maximin vun Tréier Lännereien zu Feelen géint de Bockfiels, op deem e spéitréimescht Kastell mam Numm Lucilinburhuc stoung, getosch. Do ronderëm huet sech d'Stad Lëtzebuerg entwéckelt, an d'Haus Lëtzebuerg huet sech zu enger Grofschaft etabléiert.
Méi Informatioun doriwwer am Artikel Stad Lëtzebuerg an am Artikel Grofschaft Lëtzebuerg ![]()
1354 ass d'Grofschaft Lëtzebuerg mat hiren Annexen (Durbuy, La Roche, Arel, asw.) zu enger neier Entitéit gemaach ginn, an zwar zum Herzogtum Lëtzebuerg. Nieft deem Herzogtum, dat bis 1794/95 gedauert huet, koum nach d'Grofschaft Chiny an de Besëtz vum Haus Lëtzebuerg, ouni awer formell an d'Herzogtum Lëtzebuerg intégréiert ze ginn.
1437 ass d'Haus Lëtzebuerg ausgestuerwen, an d'Herzogtum Lëtzebuerg koum 1441/43 an de Besëtz vum Herzog vu Burgund, dem Philipp de Gudden a gouf domatter een Deel vun de Burgundeschen Nidderlanden. Déi gounge 1477, nom Doud vum Karel de Kéngen, an duerch d'Bestiednes vun deem senger Duechter Marie de Bourgogne mam Maximilian vun Habsburg, un d'Haus Habsburg.
Duerch Ierfschaft koum Lëtzebuerg 1556 an de Besëtz vum spuenesche Kinnek Philippe II. Vun do un heeschen d'Gebidder, déi als Nidderlande bezeechent ginn, Spuenesch Nidderlanden. 1581, no de Konfessiounskricher, hu sech d'Nidderlande gedeelt, d'Herzogtum Lëtzebuerg war vun do un Deel vun de Südlechen Nidderlanden, déi och einfach weider Spuenesch Nidderlanden oder nach kathoulesch Nidderlanden genannt gi sinn. Frankräich, dat d'Ëmklamerung duerch d'Habsburger sprengen, a gläichzäiteg de Rhäin als Grenz erreeche wollt, huet sech och fir d'Nidderlanden intresséiert, an dofir koum et ëmmer nees zu Kricher.
Nom Drëssegjärege Krich an dem spuenesch-franséische Kontinuatiounskrich koum et 1659 zum Traité vun de Pyrenäen an deem ë. a. décidéiert gouf, datt Deeler vum Herzogtum Lëtzebuerg u Frankräich kéimen (Diddenuewen, Montmédy, Ivoix, asw.). 1684 huet de Louis XIV. d'Festung Lëtzebuerg eruewert, an d'Herzogtum huet de facto bis 1697 zu Frankräich gehéiert.
1713/1714, nom Spueneschen Ierffollegkrich, goungen d'Südlech Nidderlanden, inklusiv Lëtzebuerg, un déi éisträichesch Habsburger-Linn. Déi Éisträichesch Period huet bis zum éischte Koalitiounskrich gedauert, an der Eruewerung vun den Éisträicheschen Nidderlanden duerch d'Franséisch Revolutiounstruppen 1794/95.
D'Herzogtum Lëtzebuerg, grad ewéi och déi aner Fürstentümer, déi d'Nidderlanden ausgemaach haten, sinn ofgeschaaft ginn. D'Fransousen hunn 9 Départements réunis (à la France) amplaz vun de fréieren Nidderlanden a vun den onofhängege Principautéite vu Léck, Stavelot-Malmedy a Bouillon agefouert. Dem alen Herzogtum Lëtzebuerg säi Gebitt ass op dräi Departementer verdeelt ginn: Forêts, Sambre-et-Meuse an Ourthe. Duerch den Traité vu Campo-Formio, am Oktober 1797, huet Éisträich zu Gonschte vu Frankräich op déi südlech Nidderlande verzicht. Domat waren och d'Awunner vum ale Lëtzebuerger Raum no internationalem Recht Fransousen.
D'Groussherzogtum [änneren]
Um Wiener Kongress 1815 gouf dat viregt Herzogtum Lëtzebuerg vun den europäesche Groussmuechten net "restauréiert". D'Preisen, déi d'Ostufer vun der Musel scho besat haten, kruten nach all déi al lëtzebuergesch Gebidder ëstlech vun der Our, mat Ausnam vu Veianen, an déi ëstlech vun der Sauer. Aus dem Gebitt vum Département des Forêts an Deeler vum Departement Sambre-et-Meuse ass, aus reng strategesch-diplomateschen an dynastesche Grënn, ee Groussherzogtum ginn. De Wëllem vun Oranien-Nassau, dee grad kuerz virdrun als hollännesche Kinnek Wëllem I. unerkannt gi war, gouf a Personalunioun Groussherzog vu Lëtzebuerg. Dat neit Lëtzebuerger Land gouf och an den Däitsche Bond (eng Zort Ersatzräich) integréiert, an d'Festung Lëtzebuerg gouf eng "Bundesfestung", wat dem preisesche Kinnekräich d'Garnisounsrecht erméiglecht huet. Vun Zäit zu Zäit sollten d'Vertrieder vun deene ronn 40 Länner, déi am Däitsche Bond waren, sech ënner dem Virsëtz vum Keeser vun Éisträich zu Frankfurt treffen. Well de Wëllem I., dee Kinnek vun de Vereenegten Nidderlande war, och als Herrscher vu Lëtzebuerg ewéi ee Kinnek wollt behandelt ginn, huet hien um Wiener Kongress drop gehale fir "Grouss"-Herzog ze ginn, also eng "Kinneklech" Houheet (deut. "Königliche Hoheit", fra. "Altesse royale"), wat en als "einfachen" Herzog vu Lëtzebuerg net hätt kënne sinn. Dat ass d'Erklärung, firwat Lëtzebuerg als Grouss-Herzogtum nei entstanen ass (et huet deemno glat näischt mat der Gréisst vum Land ze dinn). 1830 huet dem Wëllem I. seng onglécklech-ongerecht Politik a senge Südprovënzen d'Belsch Revolutioun ausgeléist, déi och ee gudden Deel vun de Lëtzebuerger begeeschtert huet, well hien, eise Groussherzog, säi Groussherzogtum praktesch ëmmer nëmmen ewéi déi 19. Provënz vu sengem Räich behandelt hat. Den 19. Abrëll 1839, néng Joer no der Grënnung vun der Belsch, gouf um Traité vu London, no langem hin an hier, d'Groussherzogtum an zwee gedeelt: de westlechen Deel, deen haaptsächlech franco-romanesch (Wallounesch a Louthrengesch) war, gouf als Provënz Lëtzebuerg der Belsch zougesprach, an de germanophonen, also ëstlechen Deel, ass - weiderhinn als Groussherzogtum - fir d'éischt Kéier een eegestännege Staat ginn, allerdéngs nach ëmmer (bis 1890) a Persunalunioun mat Holland.
1848, ënner dem Wëllem II., krut Lëtzebuerg seng éischt eege Konstitutioun, deemools eng vun deene liberalste, mä schonns 1856 huet de Wëllem III., duerch e Staatsstreech, deen Text nees ausser Kraaft gesat. Mam Bau vun engem Eisebunnséseau krut Lëtzebuerg vun 1858 un Uschloss un d'Nopeschlänner, an d'Entdeckung vun neie Produktiounsmethoden hunn der Entwécklung vun der Eiseninsdustrie am Minett e groussen Opschwong ginn, esou datt Lëtzebuerg wirtschaftlech ewell besser do stoung. D'Integratioun vu Lëtzebuerg an den Däitschen Zollveräin, vun 1842 un, hat allerdéngs schonn déck zu dësem Opschwong bäigedroën...1867, ee Joer no der preisescher Victoire géint Éisträich bäi Königgrätz (od. Sadowa) an dem Ënnergank vum Däitsche Bond, koum et bal zum Verkaf vum Lëtzebuerger Land duerch de Wëllem III. un den Napoléon III., Keeser vun de Fransousen. Am däitsche Raum war vill Oppositioun géint dëse Projet, a fir wéinst der Lëtzebuerg-Kris e Krich tëschent Preisen a Frankräich ze verhënneren, gouf an engem neien Traité vu London Lëtzebuerg als fir ëmmer neutral an onofhängeg erkläert: d'Preisen, déi hir Garnisoun no 1866 zu Lëtzebuerg "vergiess" haten, hunn hir Zaldote mussen ofzéien, an d'Festung ass geschläift ginn. 1868 krut Lëtzebuerg, an deem neie Kontext, och eng nei Konstitutioun, een Text, deen an der Haaptsaach d'Verfaassung vun 1848 reproduzéiert huet. 1870/73 gouf d'Land zu engem eegene Bistum gemaach, an de Mgr Nicolas Adames ass éischte Bëschof vu Lëtzebuerg ginn.
1890 hat dat hollännescht Herrscherhaus vun Oranien-Nassau kee männlechen Nokomme fir op de lëtzebuergeschen Troun, an esou krut d'Land, an der Persoun vum Adolf vun Nassau, dee säin Herzogtum 1866 u Preise verluer hat, säin "eegenen" Herrscher a säin "eegent" Herrscherhaus (dat vun Nassau-Weilburg).
D'éiweg Neutralitéit huet 1914-1918 a 1940-1944/45 Däitschland net dorunner gehënnert, Lëtzebuerg am Éischten an am Zweete Weltkrich ze besetzen. Am Zweete Weltkrich gouf Lëtzebuerg de facto wéi e Reichsgebiet behandelt. Am Ufank mat schéi Schwätzen, duerno mat Terror, hunn d'Besatzer probéiert, d'Lëtzebuerger dovunner z'iwwerzeegen, datt si Heim ins Reich géife gehéieren. Eng lëtzebuergesch Minoritéit, déi ofschätzeg "Gielemännercher", genannt gouf, huet mat den Nazië collaboréiert. Vun 1942 sinn d'Lëtzebuerger an d'Wehrmacht agezu ginn. 1944/45 gouf den Norde vum Land während der Ardennenoffensiv uerg zerstéiert.
Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Lëtzebuerg am Zweete Weltkrich ![]()
Nom Krich huet Lëtzebuerg seng Neutralitéit opginn an ass Member vun enger Rëtsch inter- oder supranationalen Organisatioune ginn, dorënner dem Benelux, der NATO an der CECA, dem éischte Virleefer vun der EU.
Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Geschicht vu Lëtzebuerg ![]()
Politik [änneren]
Lëtzebuerg ass eng representativ Demokratie, a Form vun enger konstitutioneller Monarchie mat engem Groussherzog als Chef vum Land.
Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Politesche System vu Lëtzebuerg ![]()
E Parlament, Chamber genannt, gëtt fir 5 Joer gewielt; 60 Deputéierte vertriede véier Walbezierker. Déi ablacklech Regierung ass eng Koalitiounsregierung vun CSV an LSAP, ënner dem Premierminister Jean-Claude Juncker. D'Opdeelung vun den Sëtzer ass déi heiten: d'Chrëschtlech Sozial Vollekspartei (chrëschtdemokratesch) 26 Sëtzer, d'LSAP (sozialistesch) 13 Sëtzer, d'Demokratesch Partei (liberal) 9 Sëtzer, Déi Gréng (gréng) 7 Sëtzer, d'Alternativ Demokratesch Reformpartei (konservativ) 4 Sëtzer an Déi Lénk 1 Sëtz. D'KPL an d'Biergerlëscht sinn net an der Chamber vertrueden.
Um Plang vun der Europäescher Unioun ass Lëtzebuerg duerch sechs Deputéiert (vun am Ganze 754) am Europäesche Parlament vertrueden. Am Ministesch-Conseil huet et 4 Stëmmen (op 345).
D'Sproochesituatioun zu Lëtzebuerg [änneren]
D'Lëtzebuerger Verfassung seet (no enger Ännerung vun 1948), datt e Gesetz de Sproochegebrauch regelt. Dës Gesetz vum 24. Februar 1984[2] leet fest, datt d'Nationalsprooch vun de Lëtzebuerger d'Lëtzebuergesch ass; datt d'Gesetzestexter an hir Bestëmmungen, wéi s'auszeféiere sinn, op Franséisch geschriwwe ginn; an datt ee, wat d'Verwaltungssproochen a juristesch Sprooche betrëfft, vum Franséischen, Däitschen oder Lëtzebuergesche Gebrauch maache kann. Bierger kënnen eng Demande un d'Verwaltung op Lëtzebuergesch, Franséisch oder Däitsch schreiwen, d'Äntwert muss, esou wäit wéi méiglech, an där selwechter Sprooch sinn.
Am Géigesaz zu Länner wéi z. B. der Schwäiz oder der Belsch, wou je no Regioun verschidde Sprooche geschwat ginn, ass d'Distributioun vun de Sproochen net geographesch, mä fonctionnell an individuell ("Polyglossie").
Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Méisproochegkeet zu Lëtzebuerg ![]()
D'Lëtzebuergesch huet sech lues a lues an der Perzeptioun vun de Lëtzebuerger vun enger Variant vum Däitschen (Onst Däitsch) zu enger eegener Sprooch gewandelt. Och vum Gebrauch hir ass et an deene leschte Jorzéngten iwwer déi traditionnell Domäne vun engem Dialekt erausgewuess a gëtt haut vun der Fuerschung als déi neist germanesch Sprooch ugesinn.
Méi Informatioun doriwwer am Artikel Lëtzebuergesch an am Artikel Geschicht vun der Lëtzebuerger Sprooch ![]()
Administrativ Andeelung [änneren]
Lëtzebuerg ass an dräi Verwaltungsdistrikter, zwielef Kantonen an 106 Gemengen agedeelt.
Justiz [änneren]
D'Land ass an zwéi Geriichtsbezierker agedeelt, de Bezierk Lëtzebuerg an de Bezierk Dikrech. De Bezierk Lëtzebuerg ass fir d'Friddensgeriichter op Lëtzebuerg an Esch-Uelzecht opgedeelt.
Geographie [änneren]
Lëtzebuerg läit a Westeuropa tëschent der Belsch, Frankräich an Däitschland.
Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Geographie vu Lëtzebuerg ![]()
Geologie [änneren]
Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Geologie vu Lëtzebuerg ![]()
Economie [änneren]
Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Lëtzebuerger Wirtschaftsstruktur ![]()
Zu den Haaptentreprisen zu Lëtzebuerg zielen (klasséiert no der Zuel vun hiren Employéen): Arcelor, Goodyear, Groupe Cactus, CFL, Fortis-BGL, Dexia, Luxair, Pedus Service, BCEE, Groupe Guardian, Du Pont de Nemours, Kredietbank, Groupe Courthéoux-Match, Cargolux, Groupe Saint-Paul, TDK Recording Media Europe, Brink's Security Luxembourg, ING, Groupe Céramétal, BNP Paribas Luxembourg, Auchan Luxembourg.
Bevëlkerung [änneren]
Lëtzebuerg hat den 1. Januar 2013 537 039 Awunner, dovunner si 55,5 % Lëtzebuerger a 44,5 % Auslänner.[3] Vun der Gesamtbevëlkerung si 16,4 % Portugisen, 6,6 % Fransousen, 3,4 % Italiener, 3,3 % Belsch an 2,3 % Däitscher. Weider 6,4 % hunn d'Nationalitéit vun aneren EU-Staaten, a 6,1 % vu baussent der EU.[3]
Am Laf vum Joer 2009 ass d'Zuel vun enger halwer Millioun Awunner iwwerschratt ginn. Vunn 1995 bis 2010 ass d'Wunnbevëlkerung ëm ronn 100.000 Leit gewuess, zënter dem Enn vum Zweete Weltkrich esouguer ëm 212.000. De Bevëlkerungswuesstem geet bal nëmmen op den Zouzuch vu Leit aus dem Ausland zréck, déi op Lëtzebuerg schaffe kommen: D'Zuel vun den Aarbechtsplazen ass vun 197.500 am Joer 1995 op 328.200 am Joer 2008 geklommen.[4]. Dës héich Zuel vun Aarbechtsplaze bréngt och mat sech, datt déi zu engem ëmmer méi groussen Deel vu sougenannte Frontaliere besat ginn. Hir Zuel ass vu 56.100 am Joer 1995 op 146.300 am Joer 2008 geklommen.[5]
Kultur [änneren]
2007 war Lëtzebuerg mat der Groussregioun Kulturhaaptstad vun Europa.
Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Kultur zu Lëtzebuerg ![]()
Audiovisuel [änneren]
Lëtzebuerg huet joerzéngtelaang eng Pionéierroll a puncto europawäite kommerzielle Radio- (zënter 1929) an Tëlëvisiounsprogramme (zënter 1954) gespillt. Haut nach huet d'RTL Group hei hire Sëtz. 1988 gouf deen éischte Lëtzebuerger Televisiounssatellit, Astra 1A op Orbit geschéckt; eng sëlleche koumen der no, déi vun der SES Astra, déi hei hire Sëtz huet bedriwwe ginn.
An deene leschte 2 Joerzéngten huet och d'Lëtzebuerger Filmproduktioun en Opschwong erlieft, ongeféier 40 Produktiounsfirme ginn et am Land.
Literatur [änneren]
- Pauly, M., 2011. Geschichte Luxemburgs. Verlag C.H. Beck, München, 128 S. ISBN 978-3-406-62225-0
- Storoni, A., 2010. Les Paysages Géologiques du Luxembourg. 57 S. Éditions Schortgen, Esch-Uelzecht. ISBN 978-2-87953-096-3
- Bousch, P., T. Chilla, P. Gerber, O. Klein, C. Schulz, C. Sohn & D. Wiktorin (Koord.), 2009. Der Luxemburg Atlas. Atlas du Luxembourg. 224 S. emons: (=Hermann-Josef Emons Verlag). ISBN 978-3-89705-692-3 (D'Artikele sinn zu engem Deel op Franséisch, déi aner op Däitsch geschriwwen).
- Goerens, Jean-Mathias, Jean-Claude Muller, Yves Robert, Gian Giuseppe Simeone, Gilbert Trausch, Danièle Wagner & Frank Wilhelm, 1995. Grand-duché de Luxembourg. Le guide. Éditions Saint-Paul. 239 S. ISBN 2-87963-206-4. (En Iwwerbléck iwwer d'Geschicht, d'Geographie an d'Economie vum Land).
- Trausch, Gilbert (sous la direction de), 2003. Histoire du Luxembourg. Le destin européen d'un « petit pays ». Éditions Privat, Toulouse. 33 S. ISBN 2-7089-4773-7
Referenzen [änneren]
- ↑ statnews n° 16/2013, 18/04/2013 op statec.lu
- ↑ Cf. Loi du 24 février 1984 sur le régime des langues, Mémorial A n°16: 196-197, 27.02.1984.
- ↑ 3,0 3,1 "La progression de la population du Grand-Duché continue: 537 039 résidants au 1er janvier 2013." Statnews 16/2013, op statec.lu, 18-04-2013.
- ↑ STATEC
- ↑ STATEC wéi virdrun
Kuckt och [änneren]
Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Portal:Lëtzebuerg ![]()
Um Spaweck [änneren]
| Commons: Lëtzebuerg – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- Haaptsäit vun der Lëtzebuerger Regierung
- Haaptsäit vun der Lëtzebuerger Administratioun
- Is it true what they say about... Luxembourg?, 10 Kuerzfilmer iwwer Lëtzebuerg (en)
Belsch - Bulgarien - Däitschland - Éisträich - Dänemark - Estland - Finnland - Frankräich - Griicheland - Groussbritannien - Irland - Italien - Lettland - Litauen - Lëtzebuerg - Malta - Holland - Polen - Portugal - Rumänien - Schweden - Slowakei - Slowenien - Spuenien - Tschechesch Republik - Ungarn - Zypern
Albanien - Belsch - Bulgarien - Däitschland - Dänemark - Estland - Frankräich - Griicheland - Groussbritannien - Holland - Island - Italien - Kanada - Kroatien - Lettland - Litauen - Lëtzebuerg - Norwegen - Polen - Portugal - Rumänien - Slowakei - Slowenien - Spuenien - Tierkei -
Tschechesch Republik - Ungarn - USA
| Lëtzebuerg – All d'Artikelen op der Wikipedia iwwer Lëtzebuerg. |