Nicolas Adames

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Bëschof Adames
Wope vum Bëschof Adames
De Grafstee vum Bëschof Adames an der Glacis-Kapell

De Nicolas Adames gebuer de 29. Dezember 1813 als eenzegt Kand a Schuden zu Ëlwen vun de Baueren Jean Adames a Marie Magdalena Wangen, a gestuerwen den 13. Februar 1887 war den éischte Bëschof vu Lëtzebuerg.

Inhaltsverzeechnes

[änneren] Biografie

Dem Nicolas Adames säi Papp stierft 1818, ier hien 5 Joer kritt huet. Seng Mamm bestit sech eng zweet Kéier mam Witmann Nikolaus Köcher vun Nidderbeesslek mat deem si nach 3 Kanner kritt. Am Duerf hält de jonke Nicolas scho mat 12 Joer Schoul. Hie léiert franséisch an der Belsch a schafft 1 Joer bei engem Comptabel. Bei engem Duerfpaschtouer léiert hie fir am Petit Séminaire zu Baaschtnech ugeholl ze ginn ier hien dunn an de Seminaire op Namur geet an do de 25. August 1839 zum Geeschtleche geweit gëtt.

Am Joer 1841 gouf hie Kaploun zu Iechternach ier de Bëschof Jean-Théodore Laurent, Apostolesche Vikar zu Lëtzebuerg zënter 1840, den Nicolas Adames zum Paschtouer an der Kierch Notre-Dame vun der Festungsstad Lëtzebuerg ernannt huet. 1845 gouf hien du och bëscheefleche Sekretär.

Well de Jean-Théodore Laurent, ënnert dem Drock vun Antiklerikalen, d'Land huet misse verloossen, huet de Nicolas Adames d'Apostolescht Vikariat provisoresch verwalt. Deemools gouf d'Lëtzebuerger Vollek, dat majoritär déif kathoulesch war, vum protestanteschen hollännesche Kinnek-Groussherzog Wëllem II. an enger kierchefeindlecher Verwaltung regéiert.

De 27. Mäerz 1863 gouf hie vum Poopst Pius IX. zum Titulärbëschof vun Halikarnassos an zum Apostolesche Vikar vu Lëtzebuerg ernannt. D'Bëschofswei war den 29. Juni 1863 ënnert dem Bild vun der Tréischterin an der Kierch Notre-Dame.

Am Dezember 1869 hëlt hien, als ee vu 744, um éischte Vatikanesche Konzil zu Roum deel.

Den 27. Juni 1870 gouf d'Apostolescht Vikariat Lëtzebuerg zum Bistum erhuewen an esou gouf de Nicolas Adames zum Bëschof vu Lëtzebuerg ernannt. Seng offiziell Inthronisatioun war de 25. Dezember. D'Kierch Notre-Dame gouf Bëschofssëtz an deemno zur Kathedral.

Wéi säin Nofolger, de Jean Joseph Koppes, am Joer 1883 vum Poopst Leo XIII. ernannt gouf, konnt de Nicolas Adames sech an d'Redemptoristeklouschter zeréckzéien. Hien ass den 13. Februar 1887 gestuerwen. Aus politesche Grënn gouf hien de 17. Februar 1887 an der Glacis-Kapell bäigesat, déi op säin eegene Wonsch hi gebaut gouf.

Rondrëm d'Grafplak an der Glacis-Kapell steet geschriwwen: Hei zu Féiss vum Kräiz vun eiser Här (an) Erléiser, ënnert dem Virsëtz vun der séileger Jongfra Maria Tréischterin am Leed, erwaart de Nicolas Adames, éischte Bëschof vu Lëtzebuerg, d'Operstéiung vun den Doudegen. Opgeriicht 1889 (vum) Ch Arendt, Arch(itekt) [1].

[änneren] Wierken

Als Provikar huet de Nicolas Adames seng Aufgab dora gesinn, eng echt Religiositéit duerch Volleksmissiounen ze fërderen. Duerfir huet hien och 1849 d'Redemptoristen op Lëtzebuerg geruff, si hunn sech rondrëm Stater Paterkierch niddergelooss.

Obwuel hien nach net zum Bëschof geweit war, krut hien 1859 d'Erlaabnis d'Sakrament vun der Firmung ze spenden. A 4 Joer huet den Adames bei senge ville Parbesich ronn 57000 Leit gefirmt. Dëst huet am Vollek e staarkt kierchlecht Bewosstsinn geschaf. Hien huet sech och net gescheit, de Kierchebann iwwert d'Liesen a Verbreede vu kierchefeindleche Schrëften auszeschwätzen.

Fir déi 2. Joerhonnertfeier vun der Erwielung vun der Tréischterin am Joer 1866 ass d'Gnodebild, op Wonsch vum Poopst, duerch de Kardinol Karl vu Reisach zesumme mat 7 anere Bëscheef feierlech den 2. Juli 1866 gekréint ginn. Doduerch gouf och d'Muttergottesoktav gestäerkt.

De Nicolas Adames hat e Gelübd gemaach fir de Fall, datt Lëtzebuerg am preisesch-franséische Krich vun 1870 verschount bléif a seng 1867 vëlkerrechtlech unerkannte politesch Neutralitéit géif behalen. An dësem Verspriechen hat hie sech engagéiert mat eegene Suen eng Muttergotteskapell virun den eemolege Stadmaueren um Glacis ze bauen. Den 8. September 1885 gouf d'Glacis-Kapell vu sengem Nofolger, dem Bëschof Koppes ageweit.

Seng Poopsttrei huet hien net nëmmen duerch de Sankt-Péiter-Pfenneg ënnerstëtz, mä och duerch d'Verdeedegung vun der peepstlecher Onfeelbarkeet um 1. Vatikanesche Konzil.

Dat ënnert dem Bëschof Adames nei geschafe Bistum huet hien esou verwalt, datt Elementer bis haut bestinn, wéi z. B. de Kirchlicher Anzeiger für die Diözese Luxemburg.

[änneren] Wopen

De Bëschofswope gëtt esou beschriwwen: D’azur à la Vierge Consolatrice des Affligés vêtue de gueules brodé d’or, nimbée du même, tenant l’enfant Jésus vêtu comme la Vierge, laquelle est surmontée d’une étoile à cinq rais d’or, et issante à mi-corps d’une nuée d’argent posée sur une mer agitée de sinople, dans laquelle est en train de sombrer une barque au naturel.

Als Bëschofsdevise huet den Nicolas Adames SUCCURE MISERIS (Hëllef deenen, déi am Misär sinn) gewielt, den Ufank vum Gebiet Sancta Maria, succure miseris [2], engem Gebiet vum Bëschof Fulbert vu Chartres (ca 951-ca 1029) an e bekannte Marianeschen Antiphon.

[änneren] Quellen

  • Lenertz, M., Muller, J-Cl., 1991, Les Évêques/Archevêques de Luxembourg, Lignes agnatiques, jalons biographiques et armoiries. Annuaire - A.L.G.H.
  • Marc Jeck, "Er war stets der wärmste Patriot", Im Februar 1887 wird Nikolaus Adames, der erste Bischof von Luxemburg, zu Grabe getragen, in: Die Warte - Perspectives (kulturell Wochebäilag vum Luxemburger Wort ), Nr. Nummer 7|2357, S. 7; vgl. Luxemburger Wort vum 16.02.2012

[änneren] Um Spaweck

[änneren] Referenzen

  1. Op Latäin steet geschriwwen lénks, vertikal vun ënnen no uewen: HIC AD PEDES D SALVATORIS CRUCIFIXI SUB PRAESIDIO B V MARIAE CONSOLATRICIS - uewen, horizontal: AFFLICTORUM NICOLAUS ADAMES PRIMUS - riets, veritkal, vun uewen  no ënnen: EPISCOPUS LUXEMBURGENSIS EXPECTAT RESURRECTIONEM MORTUORUM - ënnen, horizontal: EXTRUXIT MDCCCLXXXIX ënnen, riets, op der Säit: C'. Arendt. arch.
  2. Sancta Maria, succurre miseris]
BishopCoA PioM.svg Nofolger
Lëscht vun de Bëscheef Jean Joseph Koppes
Perséinlech Tools
Nummraim

Varianten
Aktiounen
Navigatioun
Geschirkëscht
An anere Sproochen