Sakrament

Vu Wikipedia

Sakrament nennt een an der kathoulescher Kierch d'Glawensfeieren. Et gëtt der am Ganze 7 dovun.

Daf[änneren | Quelltext änneren]

D'Daf gëllt als Feier, fir an d'Kierch opgeholl ze ginn. De Paschtouer schëtt deem, dee gedeeft gëtt Wäiwaasser iwwer de Kapp a seet: "(Numm) ech deefen dech am Numm vum Papp vum Jong a vum hellege Geescht. Amen."

Kommioun[änneren | Quelltext änneren]

Duerch d'Brout vun der Kommioun kënnt de Jesus de Mënsche méi no a beschenkt si mat gëttlecher Kraaft a Léift. Normalerweis maachen d'Kanner zu Lëtzebuerg d'Kommioun am 3. Schouljoer.

Firmung[änneren | Quelltext änneren]

D'Firmung ass d'Vollendung vun der Daf. Mat deem Sakrament gëtt de Wëlle chrëschtlech ze si gestäerkt. Déi Gleeweg gi vu Gott mam hellege Geescht beschenkt a gestäerkt. De Bëschof leet deem dee gefirmt gëtt d'Hand op de Kapp an zeechent him e Kräiz op d'Stir. Generell ass d'Firmung am 6.Schouljoer mä op verschiddene Plazen och eréischt mat 16 oder 18 Joer.

Bouss[änneren | Quelltext änneren]

Bei der Bouss verzeit Gott de Mënschen hiert schlecht Verhalen an wëll hinnen dobäi hëllefen erëm op de gudde Wee zeréckzekommen. De Paschtouer verzeit hinnen am Numm vu Gott. Fir et erëm gutt ze maache verspriechen déi Gleeweg eppes Guddes ze maachen oder ze bieden.

Bestietnes[änneren | Quelltext änneren]

Bei der Hochzäit bieden 2 Läit de Gott ëm de Seege fir e gemeinsaamt Liewen. Si versprieche sech ëmmer vir enaner dozesinn a gudde wéi a schlechte Zäiten. D'Réng gi vum Paschtouer geseent an duerno stieche se sech de Rank als Zeeche vun hirer Léift géigesäiteg un de Fanger.

Priisterwei[änneren | Quelltext änneren]

D'Priister hunn eng ganz besonnesch Aufgab an der kathoulescher Kierch. Dësen Optrag gëtt hinne duerch d'Priisterwei iwwerdroen. Dobäi leet de Bëschof hinnen d'Hand op d Schëller a biet fir si fir dem Härgott seng Hëllef ze kréien an hirem Déngscht an der Gemeinschaft vun de Gleewegen.

Krankesalwung[änneren | Quelltext änneren]

De Gott gëtt gebieden de Läit och an Zäite bäizestoe wou se krank sinn. D'Stir an d'Hänn vum Kranke gi vum Paschtouer gesaleft.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Sakramenter – Biller, Videoen oder Audiodateien