Charles Arendt

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
De Charles Arendt
De Groussherzogleche Palais an der Stad
Dat neogotescht Veianer Bildchen

De Charles Arendt, gebuer de 15. Mäerz 1825 zu Veianen, a gestuerwen den 21. November 1910, war Staatsarchitekt fir Lëtzebuerg an Auteur vun iwwer 130 Publikatiounen, virun allem iwwer architektonesch a konschtgeschichtlech Themen. Seng Wierker huet hien op Franséisch mat Charles Arendt respektiv mat Jean-Venceslas-Charles Arendt ënnerschriwwen, op Däitsch mat Karl Arendt.

De Charles Arendt huet vun 1846-1849 zu Bréissel a München studéiert a gouf 1850 zum Distriktsarchitekt fir Gréiwemaacher an 1858 zum Staatsarchitekt ernannt. Hien hat déi leschtgenannt Funktioun bis zu senger Pensioun, 1898.[1]

De Charles Arendt war staark ageholl vun der Neigotik an eng ganz Rei vu Kierchen a Kapellen, déi hien entworf huet, droen nach haut säi Stempel. Am Ganze sinn ënner senger Supervisioun 78 Kierchen an den Diozeese Lëtzebuerg, Tréier, Nanzeg an Namouer gebaut ginn. Dobäi koumen eng 130 Profanbauten.[1]

Och eng sëlleche Restauratioune vun historesche Gebaier huet hien ausféiere gelooss, dorënner déi vun der Ruin vun der Buerg Veianen an déi vum Dënzelt vun Iechternach, d'Justizkräizer vu Wolz an der Fiels, d'gotesch Kierche vun Nidderwolz, Waldbriedemes an Holler, d'Greinskapell an eng Rëtsch Statuen, Fresken oder Altär.[1]

De Charles Arendt huet och eng 160 Artikelen oder Monographië geschriwwen; sief et iwwer archeologesch Ausgruewungen, bei deenen hie matgeschafft huet, historesche Beschreiwungen oder philosopheschen Iwwerleeungen.[1]

Hie war President vum Verschéinerungsveräin vu Veianen a Member am Eifelveräin, an huet deementspriechend villes zu senger Heemechtstad publiziéiert.[1]

Bauwierker (Auswiel)[änneren | Quelltext änneren]

Profan Gebaier[änneren | Quelltext änneren]

Kierchen[änneren | Quelltext änneren]

Kapellen[änneren | Quelltext änneren]

Nom Charles Arendt genannt[änneren | Quelltext änneren]

Publikatiounen (Auswiel)[änneren | Quelltext änneren]

  • Arendt, C., 1884. Monographie du château de Vianden. Impr. de la Cour, Luxembourg.
  • Arendt, K., 1901. Monographie der Burg Falkenstein. Ons Hémecht Jg. 7. Luxemburg : P. Worré-Mertens. [27 S.]
  • Arendt, K., 1903. Das Luxemburger Land in seinen kunstgeschichtlichen Denkmälern : summarisch in Wort und Bild geschildert. 60 S., P. Worré-Mertens, Luxembourg.
  • Arendt, Jean-Venceslas-Charles, 1904-1910. Porträt-Galerie hervorragender Persönlichkeiten aus der Geschichte des Luxemburger Landes von ihren Anfängen bis zur Neuzeit : mit biographischen Notizen. Luxemburg : M. Huss.
  • Arendt, K., 1905. Diekirch und seine alte Pfarrkirche. Hémecht 11.
  • Arendt, K., 1906. St. Quirin und die hl. drei Jungfrauen : eine kunstarchäologische Skizze. 16 S., St. Paulus-Ges., Luxemburg.
  • Arendt, K., 1908. Das römische Mosaik von Nennig. Bull. Soc. Nat. luxemb. 18 : 371-378].[1]
  • Arendt, K., 1910. Kleine Welten. Bull. Soc. Nat. luxemb. 20 : 166-177.[2]

Gielchen[änneren | Quelltext änneren]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Gilbert, P., 1986. La capitale et ses architectes : illustration critique de l'architecture dans la métamorphose d'une ville en un siècle. Institut grand-ducal, section des arts et des lettres, 222 S. Imprimerie Saint-Paul. BNL LB 1061, S. 157
  • Philippart, R., 2007. Charles Arendt (1825-1910). S. 83 in: Luxembourg. Historicisme et identité visuelle d'une capitale. 207 S. éditions saint-paul. ISBN 978-2-87963-694-8.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Charles Arendt – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[änneren | Quelltext änneren]