Kierch Nidderwolz

Vu Wikipedia
Kierch vun Nidderwolz
Parkierch vun Nidderwolz (2012)

Parkierch vun Nidderwolz (2012)
Parkierch vun Nidderwolz (2012)
Uertschaft / Plaz Wolz (Nidderwolz)
Par Wooltz
Saints-Pierre-et-Paul
Dekanat Norden
Numm / Patréiner Hl. Péitrus
Hl. Paulus
Koordinaten 49° 56’ 52.0’’ N
      06° 7’ 41.0’’ O

Kierchen - Kapellen

D'Kierch zu Nidderwolz ass eng kathoulesch Kierch déi zur Par Wooltz Saints-Pierre-et-Paul, zum Dekanat Norden an zu der Gemeng Wolz gehéiert. Et ass och d'Parkierch vun där neier Par.

D'Patréiner sinn déi zwéin Helleg Péitrus a Paulus, deenen hiert Fest den 29. Juni gefeiert gëtt.

D'Kierch steet op der Kräizung vun der N12 (rue du Dix Septembre a Place des Tilleuls) mam CR329 (rue du Pont).

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

No enger Brandkatastroph gouf 1510 eng nei, zweeschëffeg Kierch am spéitgotesche Stil gebaut, woubäi awer déi nach erhale Bausubstanz mat abezu gouf. 1734 gouf d'Fläch vun de Fënstere vergréissert an 1841 gouf d'Kierch vergréissert. Well awer den Erweiderungsbau net esou gutt gelonge war gouf en 1937 duerch deen haitege Chouer an dat haitegt Querschëff no Pläng vum Architekt Jean Deitz ersat. An de Joren 1996-97 gouf d'Kierch restauréiert.

Déi 2 Säitenaltär aus de Jore 1720 a 1722 goufe vun den Handwierkergilde vu Wolz gestëft. Op hinne goufe Statue vun de Patréiner vun de Schousteren, Schmatten, Wollwiewer, Metzler a Kréimer opgestallt.

Am ale Chouerraum ass zanter 1734 d'Grafkapell vun den Häre vu Wolz. E wäertvollt, geschmatten Eisegitter vu 1734 trennt d'Grofekapell vum Chouerberäich. Et kënnt aus der Abtei vu Saint-Hubert.

Den 31. Juli 1968 gouf se als Nationaalt Monument klasséiert.[1]

Bis de 7. Mee 2017 war et d'Parkierch vun der Par Nidderwolz, déi zum Parverband Wooltz, Kiischpelt, zu der Pastoralregioun Norden an zum Dekanat Wolz gehéiert huet.

Zur fréierer Par Nidderwolz huet ausser der Parkierch vun Nidderwolz och nach d'Kapell vun Ierpeldeng an d'Filialkierch vu Wanseler gehéiert.

D'Uergel[änneren | Quelltext änneren]

D'Uergel, déi am Fong vum Chouer steet, ass 1996 vun der Uergelmanufaktur Eisenbarth opgeriicht ginn.

Biller[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Kierch Nidderwolz – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Institut national pour le patrimoine architectural: Liste des immeubles et objets bénéficiant d'une protection nationale. (Lescht Versioun vum 27. Februar 2024).