Uergel

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Uergel
engl.:organ, ital.:organo
Orgelprospekt
Klassifikatioun
Aerophonen
Tasteninstrumenter
Tounëmfank:
ganzen Héierberäich
Instrumenter an derselwechter Famill:
Portativ, Positiv, Regal
Klangbeispil:
Museker
Organisten
Kuckt och
Uergelmanufakturen

Eng Uergel, vum griicheschen ὄργανον órganon „Wierkgeschir, Instrument, Organ“, ass e Museksinstrument aus der Grupp vun den Aerophone mat Tasten.

Se besteet aus:

  • engem Spilldësch
  • engem Wandwierk
  • engem Päifewierk

Inhaltsverzeechnes

[änneren] Spilldësch

Um Spilldësch sinn ze fannen:

  • den Haaptschalter
  • een oder méi Manualer: déi Tasten, déi mat den Hänn gespillt ginn,
  • Pedallen, déi wéi eng Pianostastatur ugeuerdnet sinn, an déi mat de Féiss gespillt ginn,
  • Regësterzich oder -knäppecher mat deenen ee bestëmmt, watfir Regëstere solle kléngen,
  • aner Spillhëllefen
    • Koppelen,
    • Setzer,
    • Transpositor,
    • Pedall(e) fir d'Op- an Zoumaachen vun der Schwellkëscht,
    • Regësterschweller (Generalcrescendo)
    • Absteller

[änneren] Traktur

D'Traktur beschreift, wéi d'Taste mat de Ventille vun de Päife verbonne sinn, fir dës op an zou ze maachen.
Et ënnerscheet een:

  • mechanesch Traktur: e System vun Hiewele verbënnt d'Taste mat de d'Ventiller
  • elektresch Traktur: beim Drécke vun der Tast gett e Stroumkrees e Kontakt, deen en Elektromagnéit um Ventill aktivéiert, deen dann de Ventill opmecht
  • pneumatesch Traktur: Réier mat Drockloft verbannen d'Tastatur mat de Ventiller. De Loftdrock ass méi héich, wéi de Spilldrock fir d'Päifen.
  • elektropneumatesch Traktur

[änneren] Päifewierk

D'Päife vun enger Uergel si metallen oder hëlze Réier, duerch déi Loft, déi ënner Drock steet, stréimt. All Päif an enger Uergel entsprécht engem eenzegen Toun. Wat eng Päif méi laang ass, wat den Toun, deen erkléngt, méi déif ass.
D'Längt vun de Päife gëtt a Fouss gemooss (1' entsprécht ongeféier 30 cm).
D'Klankfaarf vun enger Päif hänkt vum Typ, Labial- oder Zongepäif, vum Material, der Form an dem Rapport Duerchmiesser/Längt a.s.w. of.
Päife vun derselwechter Klankfaarf a verschiddenen Tounhéichte bilden e Regëster.

[änneren] Labialpäifen

Schematesche Längsschnëtt duerch eng Labialpäif
Schematesche Längsschnëtt duerch eng Zongepäif

Labialpäife lauschteren De Loftstroum gëtt un engem (heiansdo och zwee) Labium (Lëps) gebrach, wéi bei enger Blockflütt. Normalerweis si Labialpäifen uewen op, ass dëst net de Fall, seet ee se si "gedackt", an dësem Fall klénge se eng Oktav méi déif wéi eng oppe Päif vun derselwechter Längt.

[änneren] Zongepäifen

Zongepäife lauschteren
De Loftstroum bréngt e Bliedchen zum Schwéngen, wéi bei enger Klarinett. Dës Zort Päifen huet en zimlech schaarfe Klang a gëtt dofir meeschtens solistesch agesat. D'Form vum Schallbecher déterminéiert d'Klankfaarf.
Well normalerweis d'Stäerkt vum Toun vun enger Päif net ka beaflosst ginn, besteet d'Méiglechkeet verschidde Regësteren an eng sougenannte Schwëllkëscht ze montéieren. Dat ass eng Këscht, bei där eng Säit aus Schaute besteet déi méi oder manner opgemaach kënne ginn, an esou méi oder manner Toun erausloossen.
Schwëllkëscht lauschteren

[änneren] Wandwierk

xxx

[änneren] Geschicht vun der Uergel

Schonns an der Antikitéit gouf et Uergelen. An dëse gouf d'Loft an e Behälter gepompelt, aus deem se Waasser verdriwwen huet, esou konnt e gläichméissege Loftdrock entstoe fir an d'Päifen ze stréimen. Dës Instrumenter haten en haarde Klang a goufen z. B. an Amphitheatere benotzt.

Am 8. an 9. Jh. koum d'Uergel iwwer Byzanz an Europa. Sou gouf et z. B. schonns 812 eng Kierchenuergel zu Oochen. No an no sinn se ëmmer méi grouss ginn.
An der 2. Halschent vum 18. Jh. sinn déi sougenannt romantesch Uergelen (orchestral Kläng) opkomm an hunn déi bis dohin wäitverbreed Barockuergel verdrängt. Um Ufank vum 20. Jh. gouf et awer eng Réckbesënnung op déi klassesch Barockuergel an där hiert Klangideal.

[änneren] Linken

Regëschteren an der Uergel vun der Biissener Kierch

[änneren] Kuckt och

[änneren] Um Spaweck

Commons: Uergel – Biller, Videoen oder Audiodateien

Perséinlech Tools
Nummraim

Varianten
Aktiounen
Navigatioun
Geschirkëscht
An anere Sproochen