Gemeng Wolz
| Dësen Artikel beschäftegt sech mat der Gemeng Wolz zu Lëtzebuerg. Fir aner Bedeitungen, kuckt w.e.g. Wolz. |
|
|||||||
|---|---|---|---|---|---|---|---|
| An anere Sproochen: |
fr: Wiltz de: Wiltz |
||||||
| Land: | |||||||
| Distrikt: | Distrikt Dikrech | ||||||
| Kanton: | Wolz | ||||||
| Buergermeeschter: | Frank Arndt (LSAP) | ||||||
| Awunner Gemeng: | 5..032 (2011) |
||||||
| Fläch Gemeng: | 1.937 ha | ||||||
| Koordinaten: | 49° 57' 58" N 5° 55' 57" O |
||||||
|
D'Gemeng Wolz (orange) am Kanton Wolz (rout) |
|||||||
| Uertschaften - Gemengen - Stied | |||||||
D'Gemeng Wolz ass eng vun den 106 Gemengen am Groussherzogtum Lëtzebuerg.
Duerch d'Gesetz vum 24. Februar 1843 krut d'Gemeng d'Recht den Titel Stad ze droen.
Inhaltsverzeechnes |
Uertschaften an der Gemeng [1] [änneren]
Zur Gemeng Wolz gehéieren nach folgend Häff a Lieu-diten:
Politik [änneren]
De Gemengerot gëtt nom Proporz-Walsystem gewielt. E besteet aus 11 Conseilleren.
Bei de Gemengewale vun 2011 krut d'LSAP der 6, d'CSV der 3 an d'DP der 2.[2] D'Resultat vun de Wale vun 2005 hat genee déiselwecht Sëtzverdeelung als Resultat.[3]
De Schäfferot gëtt vun der LSAP gestallt, Buergermeeschter ass de Frank Arndt, deen 2009 de Romain Schneider ersat huet, wéi dee Minister an der Regierung Juncker-Asselborn II gouf.
Buergermeeschteren [änneren]
- Charles Mathieu
- ...
- 1958 - 1963: Alphonse Schiltges
- 1964 - 1964: Nicolas Kreins
- 1964 - 1967: René Miller
- 1967 - 1969: Joseph Merres
- 1970 - 1981: Emile Gerson
- 1982 - 1987: Jean-Pierre Dichter
- 1988 - 1993: André Biver
- 1994 - 1999: John Muller
- 2000 - 2009: Romain Schneider
- zënter 2009: Frank Arndt
Tourissem [änneren]
Wolz ass zesumme mat den Dierfer ronderëm eng wichteg Tourismusdestinatioun:
- Wolz mat senge Muséeën, dem Kino, dem Jardin de Wiltz asw.
- D'Fluchfeld vun Näertreg
- De Kraider- an de Baueregaart zu Wanseler
D'Stad Wolz huet zënter Abrëll 2008 e City-Manager (Katharina Scheer).
Kuckeswäertes [änneren]
- Schlass Wolz
- Jardin de Wiltz
- Nationaalt Streikmonument: zur Erënnerung un de Streik vum 31. August an 1. September 1942
- Rodange-Reenert-Kulturwee mat dem Michel-Rodange-Monument am Schoulbierg
- Musée vun der Ardennenoffensiv
- Brauerei- a Gierwereimusée Wolz
- Blosmuseksmusée an der Villa Faber
- Geriichtskräiz bei der Gemeng
- Kierch Nidderwolz
- Notre-Dame vu Fatima
Kulturelles [änneren]
- De Kino Prabbeli
- De Wëlzer Festival all Joer am Juni-Juli;
- d'"Gënzefest" all Joer op Päischtméindeg. E Cortège mat der Gënzekinnigin zitt vun der Uewerstad erof an d'Ënnerstad vu Wolz.
Jumelagen [änneren]
- Wolz ass zënter dem 22. Juni 2005 mat der nordportugisescher Stad Celorico de Basto, net wäit vu Porto ewech, jumeléiert.
- De 17. Juni 2006 huet Wolz e Pacte d'Amitié mat der belscher Stad Baaschtnech ënnerschriwwen.
- Zavidovići a Bosnien-Herzegowina
Interkommunal Syndikater [änneren]
D'Gemeng Wolz ass Member vu folgenden interkommunale Syndikater:
Kuckt och [änneren]
- Lëscht vun den nationale Monumenter an der Gemeng Wolz

- Lëscht vun de Lëtzebuerger Gemengen
- Lëscht vun de Lëtzebuerger Uertschaften
- Lëtzebuerger Kantonen
- Lëtzebuerger Distrikter
- Entwécklung vun der Gemengenzuel zu Lëtzebuerg
- Lëscht vun de Lëtzebuerger Stied
Um Spaweck [änneren]
| Commons: Wolz – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen [änneren]
- ↑ D'Nimm vun den Uertschaften entspriechen deenen déi de Kadaster, unhand vu sengen Attributiounen déi am Gesetz vum 25. Juli 2002 portant réorganisation de l’administration du cadastre et de la topographie festgehale sinn, opgestallt huet, an déi am «Registre national des localités et des rues» opgezielt sinn. Häff a Lieu-diten sinn déi localités wéi se zousätzlech am Annuaire officiel d'Administration et et de législation 2000 ënner III. Annexes opgelëscht sinn.
- ↑ Inneministère / rtl.lu.
- ↑ d'Lëtzebuerger Land 27. Mee 2011, S.3.
Bauschelt | Esch-Sauer | Eschweiler | Géisdref | Kiischpelt | Stauséigemeng | Wanseler | Wolz