Jean Ulveling

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

De Jean Ulveling, gebuer de 14. Germinal vum Joer IV. (3. Abrëll 1796) zu Nidderwolz a gestuerwen de 7. Dezember 1878 an der Stad Lëtzebuerg, war e lëtzebuergesche Staatsbeamten, Politiker an Historiker.

1817 ass hien an d'Regierungsverwaltung agetrueden, an där hie séier Carrière gemaach huet. 1820 koum en an de Cabinet vum Gouverneur Jean-Jacques Willmar. Bei der belscher Revolutioun war hien op der Säit vun den Orangisten. An engem Pamphlet, dat en 1832 publizéiert huet, huet hien dem Wëllem I. vun Holland seng Politik an héchsten Téin gelueft.

1840, nodeem d'Fro ëm Lëtzebuerg endlech geregelt war, gouf den Ulveling Member vun der provisorescher Regierung, déi "Régence" genannt gouf. 1842 gouf e Conseiller des Douanes. 1848 war hie Member[1] vun der Assemblée constituante an huet mat un der neier Lëtzebuerger Konstitutioun geschriwwen. Den 1. August gouf hien Administrateur général fir Finanzen an der Regierung de la Fontaine an am Dezember, nodeem déi zréckgetruede war, Administrateur général fir Gemengewiesenan an der där vum Willmar. Wéi dës 1853 vun der Regierung Simons ofgeléist gouf, ass den Ulveling Member vum Verwaltungsrot vun de Stater Hospices Civils ginn an Direkter vun der Caisse de crédit foncier. 1855 gouf en zousätzlech Direkter vun der Steierverwaltung an 1857 vum Kadaster.

1854 gouf de Jean Ulveling Conseiller am Gemengerot vun der Stad Lëtzebuerg, an 1855 an 1858 Schäffen.

Vun 1854 bis 1856 war hien Deputéierten[2] vum Kanton Wolz[3] an der Chamber.

1858 gouf hien nees Generaldirekter (Minister), dës Kéier an der Regierung Simons. Hie war fir d'éischt fir den Interieur, du fir d'Finanzen zoustänneg. Och an der Regierung de Tornaco, 1860, war hie fir dës Dossiere responsabel. 1866 huet e seng Demissioun ginn.

Vun 1857 bis 1858 a vun 1866 bis kuerz viru sengem Doud war hie Member[4] vum Staatsrot.

De Jean Ulveling huet eng ganz Rëtsch Publikatiounen hannerlooss: E puer ware Réckblécker iwwer d'politesch Situatioun vun deene Perioden, déi e materlieft hat, déi meescht awer hu sech mat historeschen Theme befaasst.

Virun allem d'Baugeschicht vun der Festung Lëtzebuerg hat him et ugedoen, dozou huet hien eng sëllechen Artikelen an de Publications de l'Institut Grand-Ducal, Section Historique publizéiert. Mä och iwwer d'Geschicht vun den Zënft an der Stad, an iwwer déi vun der Abtei Almënster, fir just déi Themen z'ernimmen, huet hie geschriwwen.

Hien hat zwéi Jongen de Martin Ulveling an de Georges Ulveling.[5]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[änneren | Quelltext änneren]

  1. Nicolas Als, Robert L. Philippart: La Chambre des Députés, Histoire et Lieux de Travail, Chambre des Députés du Grand-Duché de Luxembourg, 1994, S. 530
  2. Nicolas Als, Robert L. Philippart: La Chambre des Députés, Histoire et Lieux de Travail, Chambre des Députés du Grand-Duché de Luxembourg, 1994, S. 531
  3. Bekanntmaachung vum Administrateur-général de l'Intérieur vum 24. Juni 1856. Mémorial - Zweeten Deel - N° 31 vum 28. Juni 1856, S. 219
  4. Conseil d'Etat: membres depuis 1857. Websäit vum Staatsrot
  5. Dem Jean Ulveling seng Famill op luxemburgensia.bnl.lu