Abtei Almënster

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Geographesch Koordinaten: Gnome-globe.svg 49° 36’ 47.55’’ N 06° 08’ 32.97’’ O
Iwwerrescht vun der Abtei: Tuerm aus dem 15. Joerhonnert
Trotz Stréckleeder wuel just fir Dauwen zougänglech

D'Abtei Almënster war e Benediktinerklouschter um Plateau Altmünster, tëscht dem Fëschmaart a Clausen, an der Stad Lëtzebuerg, dat 1083 vum Konrad I. als Hausklouschter a reliéisen Zentrum vu senger Grofschaft gegrënnt gouf. D'Patere koumen aus den Abteie Saint-Airy vun Airy de Verdun a Saint-Vanne vu Verdun. De Bouf vum Konrad, de Grof Wëllem, huet d'Abtei 1123 Eiser Léiwer Fra (Notre Dame) geweit, am Volleksmond gouf se awer weider "Mënster" genannt. Zu där Zäit gouf d'Klouschter och direkt dem Poopst ënnerstallt, sou datt weder eng Kontroll vu Saint-Vanne nach eng weltlech Amëschung méi méiglech waren.

D'Klouschterschoul huet spéider de Monopol kritt fir den Enseignement fir d'Stad Lëtzebuerg an hiert Anzuchsgebitt goung bis an d'Grofschaft Bar. De Kanner gouf ë. a. déi däitsch an déi franséisch Sprooch bäibruecht.

An der Abtei begruewe gouf net nëmmen de Schetzel, mä bis zur Herrschaft vum Heng de Blannen och all d'Grofe vu Lëtzebuerg. De Karel I. huet dës Traditioun nees frësch belieft an do sengem Papp, dem Jang de Blannen e monumentaalt Graf baue gelooss.

D'Zerstéierung vun der Mënsterabtei gouf aller Wahrscheinlechkeet no vum franséische Kinnek François I. ordonnéiert, deen d'Stad den 11. September 1543 am Kader vum véierten habsburgesch-franséische Krich besat hat, a wuel verhënnere wollt datt d'Truppe vum Keeser Karl V. vum Hellege Réimesche Räich sech bei där nächster Belagerung do ariichte konnten.

Virun der Zerstéierung hat den Abt Johannes Harder all wäertvoll Objeten op Tréier a Sécherheet brénge gelooss. Dem Schetzel seng Iwwerreschter si verluer gaangen, dem Jang dem Blanne seng koumen awer an d'Franziskanerkierch um Knuedler.

D'Benediktiner sinn dunn an d'Hospiz vum Hellege Jang geplënnert, bis datt 1606 ënner dem Abt Petrus Roberti eng nei Abtei net wäit vun där aler ewech am Gronn gebaut gouf, um Uwänner vun der Uelzecht. Mënster gouf sou zu Almënster an déi nei Abtei gouf Abtei Neimënster genannt.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]