Benediktiner

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
ChristianitySymbol.PNG Dësen Artikel iwwer de Chrëschtentum ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran.

D'Benediktiner bilden en Uerde vun der réimesch-kathoulescher Kierch (et sief bemierkt datt et och nach anglikanesch Benediktiner/innen ginn), mam offiziellen Numm Ordo Sancti Benediti (Uerde vum Hellege Benedikt, ofgekierzt OSB). Dësen Uerde geet op de Benedikt vun Nursia (* em 480; † 547) zeréck deen eng Regel fir d'Zesummeliewe verfaasst huet. Et gëtt souwuel e männlechen (reliéis Bridder a Pateren) wéi e weiblechen Aascht (Nonnen).

Déi éischt Benediktinerkléischter goufen am fréie 6. Joerhonnert zu Subiaco bei Roum gegrënnt. 539 huet de Benedikt d' Klouschter um Montecassino gegrënnt an do seng "Regelen" opgeschriwwen.

D'Membere vum Uerde versprieche Bestännegkeet (stabilitas), bestänneg Ëmkéier (conversatio morum) a Gehorsam (oboedientia). Si liewen a Kléischter déi entweder Abtei (méi wéi 12 Memberen a vum Poopst zur Abtei erhuewen, mat engem Abt/Äbtissin un der Spëtzt) sinn oder Priorat (ofhängeg vun enger Abtei oder selbstänneg, mat engem Prior/Priorin un der Spëtzt). D'Abteien an d'Priorater sinn a verschidde Kongregatiounen zesummegefaasst. Weltwäit gehéieren iwwer 8000 Männer an iwwer 18000 Fraen zum Benediktineruerden.

Zu Lëtzebuerg ginn et nach 2 Néierloossunge vu Benediktiner: d'Abtei zu Klierf an d'Benediktinerinnepriorat zu Peppeng. Fréier gouf et och nach d' Iechternacher Abtei, déi vum Hl. Willibrord gegrënnt gouf, an d'Abtei Almënster déi spéider an d'Abtei Neimënster ëmgesidelt gouf wéi de Platto Almënster fir wiertechnesch Zwecker gebraucht gouf.


[änneren] Um Spaweck

Commons: Benedictine monasteries – Biller, Videoen oder Audiodateien
Perséinlech Tools
Nummraim

Varianten
Aktiounen
Navigatioun
Geschirkëscht
An anere Sproochen