Abtei Iechternach
| Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Thema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran. |
D'Abtei Iechternach war eng Benediktinerabtei, déi, op eng Stëftung vun der Irmina vun Oeren hin, vum Missionnär Willibrord zu Iechternach gebaut gouf.
Si war virun allem bekannt fir hire Scriptorium, an deem am 11. Joerhonnert ënner anerem de Codex Aureus Epternacensis, de Codex Aureus Escorialensis an den Iechternacher Evangelistar entstane sinn.
An der Zäit vun der franséischer Revolutioun gouf d'Abtei grad ewéi d'Abteikierch beschlagnahmt, a vun den Truppen an de Iechternacher Bierger geplëmmt. Wéi d'Pateren den 10. Februar 1797 probéiert haten zréckzekommen, goufe se definitiv vun de Fransouse fortgedämpt an de Besëtz gouf de 24. Februar 1797 versteet.
D'Abtei mat der Kierch gouf vum Matthias Dondelinger, dee virdrun Haffmeier vum Klouschter war, gesteet an an eng Faïencefabréck ëmfonctionnéiert. E groussen Deel vun aneren Abteigidder wéi z.B d'Weilerbacher Schmelz an d'Schlass, d'Bollendrefer Buerg, d'Ferschweiler Millen an den Diesburgerhaff goufe vum Nicolas Vincent Légier, engem franséische Regierungskommissär, opkaaft.
| Commons: Abtei Iechternach – Biller, Videoen oder Audiodateien |