Basilika Iechternach

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Déi Iechternacher Basilika

D'Basilika Iechternach ass eng Basilica minor, déi zu der Par Iechternach gehéiert an dem Hellege Willibrord geweit ass. Se gouf 1953 vum Bëschof Léon Lommel konsekréiert.
Responsabel ass den Dechen Théophile Walin.

Am Joer 706 huet de Willibrord eng éischt Kierch zu Iechternach baue gelooss. Dës gouf 800 duerch méi eng grouss ersat déi awer 1016 vun engem Feier zerstéiert gouf. Déi drëtt gouf 1031 fäerdeg. Déi gouf an der Franséischer Revolutioun grad ewéi Abtei an där hir aner Proprietéite vum franséische Staat beschlagnahmt an de 24. Februar 1797 vun de Fransousen u Privatleit versteet. D'Abtei mat der Kierch gouf vum Matthias Dondelinger dee virdrun Haffmaier vum Klouschter war, gesteet, an an eng Faïencefabréck ëmfunktionéiert. E groussen Deel vun aneren Abteigidder wéi z. B. d'Weilerbacher Schmelz an d'Schlass, d'Bollendrefer Buerg, d'Ferschweiler Millen an den Diesburgerhaff goufe vum Nicolas Vincent Légier engem franséische Regierungskommissär opkaaft.

Duerch de Willibrordus-Bauveräin gouf se dunn vun 1862-1868 restauréiert a 1939 krut se den Titel vun enger peepstlecher Basilika.

Am Zweete Weltkrich (1944) gouf se gesprengt a komplett zerstéiert. Nom Krich gouf se no Pläng vun den Architekten Hubert Schumacher a Michel Heintz nees opgebaut, nom Modell vun 1031, am romanesche Stil. Dat aktuellt Gebai gouf den 20. September 1953 konsekréiert.

D'Basilika ass zënter dem 10. November 1989 op der Lëscht vun de klasséierte Monumenter als nationaalt Monument ageschriwwen.

Inhaltsverzeechnes

Bannenann[änneren]

D'Basilika huet 3 Schëffer. Bei de Sailen, déi Haapt- a Säiteschëffer vuneneen trennen, wiessele ronn a véiereckeg Saile mateneen of, e sougenannte Stützenwechsel, wat de strenge Banneraum e bësse méi labber mécht. Am Chouer stinn 2 Altär: den ënneschten steet just iwwer dem Graf vum Willibrord an der Krypta a léisst och Luucht erof an d'Krypta.

Den ieweschte weist e stengene Relief mat de Symboler vun den Evangelisten; en ass vum Auguste Trémont. De Kräizwee ass vum Albert Hames. D'Beichtstill sinn aus dem fréie Barock a stamen aus der Jesuitekierch, der haiteger Kathedral.

An der Willibrodssäitekapell steet e Fligelaltor vum Anton Stevens aus dem Joer 1609.

An der Sebastianskapell steet e Barockaltor aus dem Joer 1638 den déi Peschthelleg Sebastian a Rochus weist.

D'Uergel ass aus der Uergelmanufaktur Klais vu Bonn.

Fënsteren[änneren]

  • D'Fënsteren am Chouer si vum Jacques Le Chevallier, si weisen:
Patriarchen a Propheten Christris de Kinnek Apostelen
Hl. Péitrus Hl. Willibrord Hl. Paulus;
  • D'Fënsteren am Queeschschëff si vum François Gillen vun Iechternach;
    • no Süden: déi 7 Freeden vu Maria;
    • no Norden: déi 7 Schmerzen vu Maria;
  • Mëttelschëff:
    • no Norden: helleg Benediktiner, aus dem Liewen vum Willibrord vum F. Gillen;
    • no Süden: helleg Benediktiner vum Emile a Joseph Probst, genee wéi och d'Rosett mat den Déierekreeszeechen;
  • D'Fënsteren an de Säiteschëffer si vum Jean Barillet, Théodore Hanssen a Gustave Zanter,
  • déi an der Säitekapell vum Paul Bony
  • an déi um Duxall vum Tony Hagen.
D'Graf vum Willibrord an der Krypta.

Krypta[änneren]

D'Krypta ass ursprénglech aus der karolingescher Zäit. Ënner dem Liichtschacht vum Altor steet de merowéngesche Sarkophag mam Willibrord, dee vun engem neogotesche Graf aus dem Joer 1906 ëmginn ass. Un de Mauere kann een nach Iwwerreschter vu Wandmolereien aus dem 11. Jh. gesinn, déi Zeenen aus dem Liewe vun der Maria weisen. D'Fënstere si vum Emile Probst. Dësweidere sinn nach 2 Särg mat Äbt aus der Fréizäit an eng Quell an der Krypta. Et ass dervun auszegoen, datt fréier an dëser Quell gedeeft gouf.

Literatur[änneren]

  • Seiler, E., 2013. Zur Geschichte der Springprozession. Großes Jubiläumsjahr 1939. Die zwölfte Jahrhundertfeier des Todes des hl. Willibrord. Die Warte, Nr. 15|240, S. 7-8. Luxemburger Wort vum 16. Mee 2013.
  • Spang, P. & R. Staud. Sankt Willibrordusbasilika Echternach, Schnell Kunstführer N°800

Kuckt och[änneren]

Um Spaweck[änneren]

Commons: Basilika Iechternach – Biller, Videoen oder Audiodateien