Muttergottes

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Theotokos vu Kazan, 16. Jh.

Den Titel Muttergottes fir d'Jongfra Maria, dem Jesus seng Mamm, gëtt fir d'éischt um Konzil vun Ephesus am Joer 431 gebraucht. Op Griichesch ass den Titel Θεοτόκος theotókos, wuertwiertlech Gottesgebärerin. Domat huet d'Konzil dem Nestorius seng Léier verworf, datt d'Maria just de Mënsch Jesus op d'Welt bruecht huet, awer net de "Sohn Gottes". Als biblesche Beleeg fir dësen Titel gëtt Lk 1,43[1] genannt, well hei d'Elisabeth scho virun der Gebuert vum Jesus zu der Maria seet: Wie sinn ech, datt d'Mamm vu méngem Här bei mech kennt? [2]

Fir d'protestantesch Chrëschten ass den Titel Muttergottes problematesch a si zéien den Titel Gottesgebärerin vir, well si respektéieren d'Maria als Mamm vum Jesus, leenen awer d'Veréierung vun der Maria of. An der Orthodoxescher Kierch ass d'Marieveréierung awer staark verbreet: Weltberühmt si Marien-Ikonen.

Zu Lëtzebuerg geet de Mariekult, also d'Muttergottesveréierung, op d'Jesuiten zréck, a besonnesch op de Jacques Brocquart S.J., deen den 8. Dezember 1624 eng Muttergottesstatue mam Titel Tréischterin am Leed zur Veréierung virun d'Stadmauere gedroen huet.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Muttergottes – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[änneren | Quelltext änneren]