Jongfra Maria
D'Bezeechnung Jongfra Maria geet op déi biblesch Aussoe vum Matthäus [1] a Lukas [2] zréck a mengt, datt Jesus duerch de Wëlle vum Härgott op d'Welt komm ass, an net well Mënschen dat wollten.
D'Kandheetsevangelie vum Matthäus a Lukas interesséiere sech net fir d'Sexualliewen vun der Maria a dem Jousef a wëllen och op keng biologesch Ausnam hiweisen. Vill méi ënnersträiche si duerch d'Jongfraegebuert, d'Gëttlechkeet vum Jesus. Urspronk a Bedeitung vum Jesus Christus, vu senger Botschaft a sengem Liewen erkläre sech net alleng aus der Geschicht, mä si fir d'Chrëschten aus dem Handele vum Härgott ze verstoen: Gott ass Mënsch ginn.
D'Maria huet deemno Gott op d'Welt bruecht, Gott bei d'Mënsche bruecht. Duerfir huet d'Maria och den Titel Muttergottes kritt [3].
D'Dogma vun der Jongfra Maria ass net ze verwiessele mat der Onbefleckter Empfängnis.
Literatur [änneren]
- "Bei Gott ist kein Ding unmöglich" (Lk 1,37) bible-only.org
Um Spaweck [änneren]
| Commons: Jongfra Maria – Biller, Videoen oder Audiodateien |