Tréischterin am Leed

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Déi restauréiert Statu vun der Tréischterin

Tréischterin am Leed ass den Titel ënnert deem d'Muttergottes haaptsächlech zu Lëtzebuerg veréiert gëtt a steet fir dat Laténgescht consolatrix afflictorum (consolatrice des affligés op Franséisch an Trösterin der Betrübten op Däitsch).

Dësen Titel ass ee vu villen aneren, mat deem Maria an der Lauretanescher Litanei (benannt nom italienesche Pilgeruert Loreto) gelueft gëtt.

D'Veréierung vu Maria als 'Tréischterin am Leed' geet zeréck op de Jesuitepater Jacques Brocquart, deen den 8. Dezember 1624, um Fest vun der Onbefleckter Emfängnis, eng Muttergottesstatu mat Kand (déi zënter 1796 definitiv an der Kathedral vu Lëtzebuerg steet) an enger Pressessioun mat Studente virun d'Festungsmauere matgeholl huet. Doraus huet sech d'Muttergottesoktav entwéckelt.

D'Statu ass "vollplastesch", aus polychroméiertem Lannenholz, an ass 73 cm héich. Si gehéiert zum Typ vu majestéitesch wierkenden Immaculata-Duerstellungen. D'Maria steet als "apokalyptesch" Fra mat engem Fouss op der Moundséchel (Offb 12,1 EU). Nom spéitmëttelalterleche spueneschem Brauch gesäit de Pilger se awer just als Gewandfigur. (Dat deemolegt Lëtzebuerg huet zu de Spueneschen Nidderlanden gehéiert.)

D'Bild vun der Tréischterin (e Kofferstach vun der Tréischterin vu Lëtzebuerg) gëtt zënter 1642 zu Kevelaer veréiert. [1]

Déi lëtzebuergesch Restaurateurin Muriel Prieur huet d'Statu vun der Tréischterin 2008 a ronn 500 Aarbechtsstonnen an hiren ursprénglechen Zoustand bruecht.

[änneren] Duerstellungen

De Fändelssproch vum Kofferstach vum I.M. Kaeyll [2] (wahrscheinlech 1697 zu Lëtzebuerg gebuer) seet dëst:

Consolatrix - afflictorum - ora - pro - nobis

Tot tibi sunt dotes virgo quot sidera caelo
Gloriosae Virgini Mariae Matri Iesu
Consolatrix afflictorum
Patronae civitatis et patriae Luxemburgensis
in sacello Soc. Iesu Miraculis clarae

Tréischterin - am Leed - biet - fir - eis

Du hues esou vill Qualitéiten wéi den Himmel Stären
Héich geluefte Jongfra Maria Mamm vum Jesus
Tréischterin am Leed
Patréinesch vun der Stad an dem Lëtzebuerger Land
an der Jesuitekapell, duerch Wonner berühmt

Zënter 1875 hu Lëtzebuerger, déi no Amerika ausgewandert sinn, eng Kopie vun der Tréischterin an der Basilica and National Shrine of Our Lady of Consolation zu Carey am Ohio opgestallt, fir dohinner ze pilgeren. [3]

D'Tréischterin vun den a Schlesien Ëmgesidelten, 1942-1945, steet haut an der Krypta vun der Kathedral. Fir déi ëmgesidelt Famillje war déi 59 cm grouss, aus Holz geschnëtzte Kopie vun der Tréischterin, Trouscht an Erënnerung un d'Heemecht.

Tréischterin am Leed ass och d'Patréinesch vun der belscher Uertschaft Chevetogne a vun der Parkierch zesumme mam Hellege Maurice.

D'Gnodebild vu Kevelaer mat der Lëtzebuerger Consolatrix
Kofferstach, Kaeyll
Ufank 18. Jh.
D'Tréischterin mat engem Gewand virun der Restauréierung
D'Tréischterin 2009
Tréischterin vun den Ëmgesidelten, 1942-1945
Madonna, 1953, vum Auguste Trémont, Säiteportal vun der Kathedral

[änneren] Um Spaweck

Duerstellunge vun der Tréischterin:

[änneren] Referenzen

  1. Die Entstehung der Wallfahrt zum Gnadenbild in Kevelaer
  2. Kofferstach Kaeyll
  3. Basilica and National Shrine of Our Lady of Consolation, Carey, Ohio
Perséinlech Tools
Nummraim

Varianten
Aktiounen
Navigatioun
Geschirkëscht
An anere Sproochen