Lauretanesch Litanei

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

D'Lauretanesch Litanei ass e Luef- a Bittgesang aus dem kathouleschem Gottesdéngscht, dee sech un d'Maria riicht.

An dëser Litanei gëtt Maria als Consolatrix Afflictorum bezeechent. Esou heescht et ënner anerem:

Du Tréischterin am Leed, biet fir eis!
Du Kinnigin vun de Patriarchen, biet fir eis!
Du Kinnigin vun de Prophéiten, biet fir eis!
Du Kinnigin vun den Apostelen, biet fir eis!
Du Kinnigin vun de Märtyrer, biet fir eis!
Du Kinnigin vun de Bekenner, biet fir eis!
Du Kinnigin vun de Jongfraen, biet fir eis!

Dës 6 Kinnigin-Titele sinn an de Chouerfënstere[1] vun der Kathedral vu Lëtzebuerg duergestallt.

Den Numm vun dëser Litanei kënnt vum italienesche Mariepilgeruert Loreto.

Kuck och [änneren]

Commons: Litany of the Blessed Virgin Mary – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen [änneren]

  1. Die Chorfenster der Kathedrale Unserer Lieben Frau von Luxemburg Fotos: Guy Wolff (LW) Text: Jean-Louis Gindt