Saint-Paul Luxembourg

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

Saint-Paul Luxembourg S.A. ass e Multimedia-Verlagshaus mat ugeschlossener Dréckerei zu Lëtzebuerg. Et ass 1848 als Sankt-Paulus Druckerei gegrënnt ginn fir d'Luxemburger Wort für Wahrheit und Recht erauszeginn.

Do dernieft gëtt Saint-Paul Luxembourg haut ë.a. d'franséischsproocheg Dageszeitung La Voix du Luxembourg, d'Gratiszeitung point24 (an 3 Sproochen-Editiounen), d'Wochenzeitung Contacto an de Magazine Télécran eraus. Et ass weiderhin den Haaptbedreiwer vun de Radiosenderen DNR a Radio Latina. Zum Grupp gehéiern och eng Dréckerei, d' Imprimerie Saint-Paul mat Reliures-Atelier, e Verlag, d' Éditions Saint-Paul, d'Bicherbutteks-Chaîne Libo mat 6 Filialen doruechter an d'Websitë wort.lu, immonews.lu, autotrade.lu an jobsearch.lu.

President vum Verwaltungsrot ass zënter 2012 den Erny Gillen. Virdru war dat e Véierelsjorhonnert laang de Mathias Schiltz. Generaldirekter vum Grupp ass zënter dem 1. Juli 2009 de Paul Lenert, dee bis dohinner Directeur adjoint war an och Directeur adjoint vun de Publikatiounen.

Chefredakter vum Luxemburger Wort ass zënter dem 1. Januar 2010 de Marc Glesener, dee virdru Chefredakter-Adjoint vum Wort war. Chefredakter vun der Websäit wort.lu ass de Fernand Morbach.

Dréckerei-Direkter ass zënter Januar 2007 de Jean Vanolst. Den Egon Seywert ass Direkter fir d'Finanzen an de Jeannot Theis Direkter fir Technik an Informatik.

[änneren] Generaldirekteren

De 4. Juli 2007 hat de Verwaltungsrot zwéin nei Membere kooptéiert, de Jurist Albert Hansen, dee vun 2001 un am Staatsrot ass, an de Jurist Frank Wagener, zënter 2006 Generaldirekter vun der Dexia BIL. De Frank Wagener ass ënner anerem President vum Verwaltungsrot vun der Stëftung François-Élisabeth, déi d'Spidol Kierchbierg dirigéiert.

Domat besteet de Verwaltungsrot aus den Hären: Mathias Schiltz (President), Léon Zeches (administrateur délégué), Henri Hamus, Albert Hansen, Pit Hentgen, Marc Hoffmann a Frank Wagener.

[änneren] Quellen

  • Georges Hellinghausen, Weit über ein Jahrhundert Success story, 125 Jahre "Saint-Paul Luxembourg", Vom Druckereibetrieb und Verlegerhaus zum Multimedia-Unternehmen, in: Luxemburger Wort, 14.02.2012, S. 4.

[änneren] Um Spaweck

Perséinlech Tools
Nummraim

Varianten
Aktiounen
Navigatioun
Geschirkëscht
An anere Sproochen