Helleg Bäerbel

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
D'Helleg Bäerbel-Statu

Inhaltsverzeechnes

E bësschen iwwer d'Legend [änneren]

D'Helleg Barbara, och nach helleg Bäerbel oder Boarbel, ass eng historesch net beluechte chrëschtlech Märtyrerin. Si soll um Enn vum 3. Joerhonnert zu Nikomedia, dem haitegen Izmit an der Tierkei, gebuer a gelieft hunn.

D'Bäerbel huet an der Zäit vun der Chrëschteverfolgung gelieft a war Märtyrerin ënnert dem Galerius Valerius Maximinus, genannt Daja. Si ass eng legendär Figur, an trotzdeem eng vun deene bekannteste chrëschtlechen Hellegen.

D'Bäerbel soll net nëmmen eng Schéinheet, mä och e schlaut Meedche gewiescht sinn. Si huet sech zum Chrëschtentum bekannt an déi heednesch Gëtterbiller futtigemaach. Wéi de Papp op eng Rees war, huet hatt um Tuerm vum elterleche Besëtz eng drëtt Fënster (wéinst der Dräifaltegkeet) ubrénge gelooss.

Säi räichen an heednesche Papp huet d'Bäerbel doropshin an den Tuerm agespaart. Der So no gouf d'Bäerbel vum "Johannes dem Deefer", deen him erschéngen ass, gedeeft.

Fir säi Meedche vum Glaf ofzehalen, huet säi Papp hatt stänneg schloe gelooss, a wéi näischt méi gehollef huet, huet en d'Bäerbel dem réimesche Statthalter Marcianus ausgeliwwert. De rachsüchtege Papp soll selwer d'Urteel vollstreckt, a säi Meedche mat dem Schwäert ëmbruecht hunn. - Kuerz drop ass hie vum Blëtz getraff ginn a verbrannt!

D'Statue vun der helleger Bäerbel hunn nieft hir ëmmer en Tuerm mat dräi Fënsteren, desweideren och e Schwäert oder e Kielech, eng Fakel oder e Kanounerouer.

Eng kleng Reliquie vun der Helleger Bäerbel läit an der Wallfaartskierch "St. Hildegard und St. Johannes des Täufers" zu Eibingen am Rheingau an Däitschland. Dës Reliquie gehéiert zum Eibinger Reliquieschatz, deen d'Hildegard vu Bingen zesummegedroen huet.

Gedenkdag [änneren]

Der Helleger Barbara hire Gedenkdag ass traditionell de 4. Dezember. Zënter 1969 gëtt dësen Dag net méi am Festkalenner vun der réimesch-kathoulescher Kierch gefouert, well d'Bäerbel als eng legendär Figur ouni historeschen Hannergrond gëllt.

Brauch zu Lëtzebuerg [änneren]

Bäerbelen- oder och Boarbelendag [änneren]

A ville Géigenden, wou Biergbau bedriwwe gëtt oder gouf, gëtt d'Bäerbel de 4. Dezember oder de Sonnden dono gefeiert. Dacks gëtt e Cortège gemaach, wou d'Hellegefigur vun de Biergleit oder haut och dacks vun de Pompjeeën duerch d'Duerf bis bei d'Kierch gedroe gëtt.

Traditionell gëtt den Ëmzuch mat Knupperten (kontrolléierte Sprengungen) begleet, déi un d'Sprengungen an de Minièren erënnere sollen.

Patréinesch [änneren]

D'Barbara ass eng vun de 14 Nouthellegen a gëtt ugebiet bei Donnerwieder, bei Feiergefor, bei Féiwer a Pescht.

Lëtzebuerger Uertschaften an deene Bäerbelendag nach aktiv gefeiert gëtt [änneren]

Kuckt och [änneren]

Um Spaweck [änneren]

Commons: Helleg Bäerbel – Biller, Videoen oder Audiodateien