Reliquie

Vu Wikipedia
Reliquie vun engem Schankfragment vum Willibrord, an der Sint-Willibrorduskerk zu Deurne.

Reliquië sinn Iwwerreschter (Latäin: reliquiae) vu Verstuerwenen oder vu Saachen, déi a verschiddene Relioune wéi dem Hinduismus, dem Buddhismus, dem réimesch-kathouleschen oder dem orthodoxe Chrëschtentum veréiert ginn.

Chrëschtentum[änneren | Quelltext änneren]

Am réimesch-kathoulesche Chrëschtentum si Reliquië mënschlech Iwwerreschter (Schanken, Hoer,...) oder Géigestänn (Gezei,...) déi vun enger Persoun solle sinn, déi als Helleg veréiert gëtt, oder op d'mannst mat hir a Kontakt oder an direktem Bezuch gestane sollen hunn.

Se ginn dofir an dräi Kategorien agedeelt:

  • Reliquie vum éischte Grad: Kierperdeeler vun engem Hellegen;
  • Reliquie vum zweete Grad: Kleedungsstécker vun engem Hellegen;
  • Reliquie vum drëtte Grad: Soss Géigestänn, déi mam Hellegen a Kontakt oder a Bezuch stoungen.

Reliquiëveréierunge ginn op déi fréi Chrëschtenheet zeréck, wou dacks beim Graf vun engem Märtyrer Liturgië gefeiert goufen. Spéider goufen op deene Plazen dacks Kierche gebaut, an deenen d'Reliquien an oder ronderëm den Altor begruewe goufen.

Am Spéitmëttelalter ass e lukrative Reliquienhandel opkomm, well eng grouss Konkurrenz ëm déi méiglechst prestigiéis Reliquie bestoung. Sou verwonnert et net, datt deemools vill Fälschungen entstane sinn.

De Protestantismus leent Reliquiëveréierunge of, well se vu Gott oflenke géif an dat Ganzt als Iwwerrescht vun heednescher Heldeveréierung ugesi gëtt.

E puer bekannt Reliquien[änneren | Quelltext änneren]

Biller[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Reliquien – Biller, Videoen oder Audiodateien