Buddhismus
De Buddhismus ass eng Léiertraditioun a Relioun an huet jee no Quellen 230-500 Milliounen Unhänger, an ass domat no dem Chrëschtentum, dem Islam an dem Hinduismus, déi véiertgréisste Relioun op der Welt.
Inhaltsverzeechnes |
[änneren] Iwwerbléck
De Buddhismus ass virun allem a Süd-, Südost- an Ostasie verbreet. Ongeféier e Véirel vun de Buddhiste lieft a China. D'Buddhiste beruffe sech op d'Léiere vum Siddhartha Gautama, deen an Nordindien gelieft huet. Hie gëtt als "historesche Buddha" bezeechent, fir datt e vun de mythesche Buddha-Gestalte kann ënnerscheet ginn, déi net historesch beluecht sinn.
"Buddha" ass en Éierentitel, dee sech op en Erliefnes bezitt dat als Bodhi bezeechent gëtt. Domat ass gemengt datt no der buddhistescher Léier eng fundamental a befräient Asiicht an d'Grondbedingunge vun allem Liewen, déi sech aus dem Iwwerwanne vum leedvollen Dosinn ergëtt. D'Zil vun der buddhistescher Liewenspraxis ass déi Erliichtung an Erkenntnes z'erfueren, nom Virbild vum historesche Buddha. Si soll net an engem vun deenen zwéin Extremer, der Askees oder dem Hedonismus gelieft ginn, mä et soll villméi e Mëttelwee fonnt ginn.
[änneren] Entwécklung
De Buddhismus ass am Subkontinent Indien duerch de Siddhartha Gautama entstan. Den Iwwerliwwerungen no huet hien am Alter vu 35 Joer duerch en Erliefnes vum "Erwächen" eng Rëtsch vun Erliefnesser gehat, déi et him erméiglecht hunn déi buddhistesch Léier a véier Wourechten ze formuléieren an e Wee aus dem Leiden eraus ze fannen.
[änneren] Buddhismus zu Lëtzebuerg
De Buddhismus huet ugefaang sech an den 1990er Joren zu Lëtzebuerg z'entwéckelen. Déi Entwécklung ass duerch d'Grënnung vun Zentren entstanen, déi sech op den tibetanesche Buddhismus Nyingmapa (mat dem Dzogchen) an de Buddhismus Zen konzentréieren. 1997 ass den éischten Zenter zu Lëtzebuerg, den Dzogchen Center Lëtzebuerg, ënnert dem Afloss vun 10 buddhistesche Laien entstanen. Do gëtt den tibetanesch-buddhistesche Glawe praktizéiert esou wéi Konferenzen an technesch Stage wéi de Showa-do ofgehalen. Doniewent ass och déi buddhistesch Laiebewegung Sōka Gakkai zu Lëtzebuerg vertrueden.
[änneren] Um Spaweck
- Dzogchen Center Lëtzebuerg Centre bouddhiste tibétain Dzogchen Shedrup Darje Ling
- Zen Lëtzebuerg Groupe Zen Luxembourg (Association Zen Internationale)
- Buddhistesch SGI-Lux Sōka Gakkai Luxembourg