Bodhi
Bodhi (aus dem Sanskrit a Pali बोधि: wiertlech Erwächen, heinansdo och Erléisung oder Erliichtung; Buddha oder Buddhismus hunn déiselwecht Wuerzel) bezeechent am Buddhismus an aneren indesche Philosophien den Erkenntnisviirgang, deen um vum Buddha geléierten Erléisungswee als lescht Etapp zum Nirwana féiert. Als Bodhi gëtt och de Bam bezeechent, ënnert deem dem Buddha als éischt de Bodhi erfuer huet.
Konzept [änneren]
E Buddha, also e Wiesen, dat de Bodhi erreecht huet, huet an der Léier vum Buddhismus aus eegener Kraaft an ouni Beléierung oder Uleedung, d'Vollkommenheet an d'Rengheet vu sengem Geescht erlaangt. Wat hien lo erreecht huet, sinn eng vollkomme Weisheet (Prjana), d'Verständnis vun der Natur vun de Saachen (Dharma), en onendlecht Matgefill mat allem Liewegen (Karuna) an doduerch, wéi op chineseschen a japaneschen Ikonographien oft ze gesinn ass, e vollständegt Glécksgefill. Als lescht féiert de Bodhi zum Nirwana.
E vollkommen erwächte Buddha (Samyak-Sambuddha) ass déi perfeksten, weisesten, allwëssendsten a matfillendste Form vun engem Erwächten, deem et méiglech ass, aneren dobäi ze hëllefen, aus dem Samsara auszebriechen. De Buddha Shakyamuni gëllt als sou e vollkommen erwächte Buddha.
Erlaangen [änneren]
Fir de Bodhi ze erlaangen, muss een all karmesch Kräften iwwerwannen. Dëst geschitt, an deems een déi véier edel Wourechten begräift an all Täuschung an Bedürfnis, déi un d’Existenz gebonne sinn, iwwerwënnt. Ët hieft een sou schließlich de Kreesslaf vum Liewen a Leiden an d’Wiedergebuerten, kuerz: de Samsara op an erlaangt d’Nirwana.
De Buddha soll zu senger Liefzäit iwwert 84.000 Beléierunge ginn hunn, wéi de Samsara ze duerchbrieche wier.
Kuckt och [änneren]
- Bodhipakkhiyādhammā, déi 37 Saachen, déi ee fir d'Erliichtung brauch.