Bodhipakkhiyādhammā

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

Bodhipakkhiyādhammā bezeechent aus der Siicht vum Theravada-Buddhismus déi 37 Elementer, déi zum Erwächen féieren. Ët ass also eng Zesummefaassung vun der buddhistescher Léier aus dem Palikanon.

Déi 37 Elementer vum Erwächen[änneren | Quelltext änneren]

Déi véier Grondlage vun der Opmierksamkeet[änneren | Quelltext änneren]

  1. Oppassen op de Kierper
  2. Oppassen op d'Gefiller
  3. Oppassen op de Geescht
  4. Oppassen op d'Géigestänn vum Geescht, den Dharma ouni stoffleche Kierper

Déi véier richteg Ustrengungen[änneren | Quelltext änneren]

  1. Dat, wat et scho gëtt a schlecht ass, verdreiwen
  2. Dat, wat et nach net gëtt a schlecht, net entstoe loossen
  3. Dat, wat et nach net gëtt a gutt ass, entstoe loossen
  4. Dat, wat et scho gëtt a gutt ass, festegen

Déi véier Weeër zum Erfolleg[änneren | Quelltext änneren]

  1. Wëllen
  2. Wëllenskraaft
  3. Réngt Bewosstsinn
  4. Weisheet

Déi fënnef Fäegkeeten[änneren | Quelltext änneren]

  1. Vertrauen a Glawen an d'Léier vum Buddha
  2. Wëllensstäerkt an der Ëmsetzung
  3. Bewosstsinn vun engem sengen Aufgaben
  4. Konzentratioun
  5. Weisheet

Déi fënnef Kräften[änneren | Quelltext änneren]

  1. D'Kraaft vum Glawen an dem Buddha seng Léier
  2. D'Kraaft vun der Wëllensstäerkt
  3. D'Kraaft vum Bewosstsinn
  4. D'Kraaft vun der Konzentratioun
  5. D'Kraaft vun der Weisheet

Déi siwe Facteuren vun der Erliichtung[änneren | Quelltext änneren]

  1. Opmierksamkeet
  2. Fuerschung vum Gesetz
  3. Wëllenskraaft, Ustrengung
  4. Glécksgefill
  5. Stëll
  6. Konzentratioun
  7. Gläichmutt

Den nobelen aachtdeelege Pad[änneren | Quelltext änneren]

  1. Richteg Usiicht
  2. Richtege Wëllen
  3. Richtegt Schwätzen
  4. Richtegt Handelen
  5. Richtegt Liewen
  6. Richtegt Ustrengung
  7. Richteg Opmierksamkeet, richtegt Bewosstsinn
  8. Richteg Meditatioun