Siddhartha Gautama
De Siddhartha Gautama, op Sanskrit सिद्धार्थ गौतम Siddhārtha Gautama, op Pali Siddhattha Gotama, gebuer ëm 563 v. Chr. zu Lumbini, a gestuerwe 483 v. Chr., huet als Buddha den Dharma geléiert a gouf domat zum Grënner vum Buddhismus.
Inhaltsverzeechnes |
[änneren] Seng Kandheet an Jugend
De Buddha ass ëm 563 v. Chr. zu Kapilawastu an nërdlechen Indien, am haitegen Nepal, gebuer ënnert dem Numm Siddharta Gautama. Dem Siddharta säi Papp war e räiche Mann mat vill Afloss. Hie gouff als Kinnek "Shuddhodana" bezeechent. Dem Siddharta seng Mam d'Maja stierft 7 Deeg nom Siddharta senger Gebuert. De Siddharta kritt eng gutt Erzéiung an Ausbildung. Hie lieft während senger Jugend am Luxus, sou datt hie Krankheet a Leed net kennt. Mat 16 Joer bestit de Siddharta du seng Cousine Yashodhara. Si kréien e Jong mam Nunm "Rahula".
[änneren] Den Denkwandel
De Siddharta erkennt ëmmer méi, wéi wéineg Sënn dat luxuriéist Liewen um Haff huet. Dat Evenement wat hien zu enger Entscheedung dreift, ass d’Begéinung mat deem mënschlechen Leiden ënner der Form vun engem ale Mann, engem Verstuerwenen an engem Kranken. Hie mierkt datt jiddereen iergendeng Kéier mat Alter, Krankheet an Doud a Verbindung kennt. Doropshi fält hien an eng Liewenskris, hie verléisst seng Famill a seng Heemecht a sicht no enger Erliichtung an Erkenntnes.
[änneren] D'Sich no der Erliichtung
Op der Sich no senger Erliichtung begéint de Siddharta verschiddene Meeschteren. Als éischt sicht hien den Wee ënnert der Form vu Meditatioun an Askees. Hie wandert deeglaang, ësst nëmmen nach e Minimum, wäscht sech net méi an hellt sech keng Zäit méi fir ze schlofen. Den Siddharta erkennt dunn datt dëse Wee vun Meditatioun net di gewënschten Erliichtung bréngt. Hien probéiert also en anere Wee: den geeschtleche Wee, de Mëttelwee. Du kënnt hien endlech zu neien Erkenntnesser. Hien fänkt direkt u seng nei gewonnen Erkenntnesser fënnef Asketen ze priedegen. Déi fënnef Asketen goufen zu sengen éischten "Apostelen". Duerch seng Erkenntnesser a säi Weiderdreiwen vun dësen Erkenntnesser huet en sech den Titel "Buddha" verdéngt, wat esou vill wéi "Erwächen" oder "Erliichten" heescht. Mat senge fënnef Apostelen huet den Siddharta en neien Uerde gegrënnt.
De Siddharta wandert no dësem Evenement 45 Joer duerch Nordindien an priedegt seng Léier. Seng Schüler zeechne sech no baussen hin mat engem geschuerene Kapp an engem gielen Gewann aus. An der Zäit grënnt hien och en Uerden fir Pateren an Nonnen, de "Sangha".
[änneren] Seng lescht Rees
Am Alter vun 80 Joer ënnerhëlt de Siddharta seng lescht Rees. Begleet gëtt hien vun sengen Unhänger. Dat wuel bekanntesten Evenement op dëser Rees ass wahrscheinlech wéi de Siddharta sech um "Geierbierg" mat enger Lotusblumm an der Hand viru seng Begleeder stellt an hinnen verkënnegt, datt säi Geescht a seng Intelligenz op dës Lotusblumm iwwergaange sinn.
Am Joer 483 v. Chr. stierft de Buddha am Alter vun 80 Joer an der Géigend vum Bësch vum Kushinagar an engem Klouschter nodeems hie sengen Unhänger un d'Häerz geluecht huet, seng Léier weider ze verbreeden. Domat geet hien an d’Pari-Nirvana an, no där et keng Widdergebuert gëtt.
[änneren] De Buddhismus
De Siddharta steet als Grënner vun der buddhistescher Relioun a Léiertraditioun an Indien. De Buddhismus berifft sech op d'Léier vum Siddharta. Dofir fänkt déi buddhistesch Zäitrechnung mam Doudesdag vum Siddharta un.
[änneren] Fir ze liesen
- Walpola Rahula: What the Buddha Taught: Revised and Expanded Edition with Texts from Suttas and Dhammapada, Grove Press
[änneren] Um Spaweck
| Commons: Siddhartha Gautama – Biller, Videoen oder Audiodateien |