Ganges

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
De Ganges a seng Nieweflëss

De Ganges (Sanskrit, f.,गंगा oder गङ्गा, Gaṅga) ass en 2.511 km laange Floss resp. Stroum an Indien an a Bangladesch (Asien). Et ass den hellege Floss vun den Hinduen.

De Ganges entsteet am indesche Garhwal (am Südweste vum Himalaya) duerch den Zesummefloss vum Alaknanda a vum Bhagirathi.

Vun do u fléisst e meeschtens a südëstlecher Direktioun duerch Indien an d'Bengalescht Déifland. Do leeft en dann a Bangladesch, wou e mam Jamuna, dem Haaptaarm vum Brahmaputra zesummeleeft a vun do u Padma heescht. Zesumme mam dem Meghna mécht en d'Gangesdelta vun enger Längt vun ongzféier 350 km, ee vun de gréisste Mündungsdeltaen op der Welt. Hei ginn et grouss Mangrovesuppen, déi do Sundarbans genannt ginn. De Meghna leeft dann an de Golf vu Bengalen, deemno an den Indeschen Ozean.

Et ass méiglech, mat Schëffer um Ganges ze fueren, mee dëst huet keng grouss Bedeitung fir de Verkéier allgemeng. De Ganges huet e Baseng vun 1.016.104 km². Wichtegst Stied um Ganges si Kanpur, Varanasi, Patna, Kalkutta a Khulna.

Fir déi meeschten indesch Reliounen ass d'Ganga, wéi d'Inder de Ganges nennen, helleg. Doranner buede soll d'Leit vun hire Sënne propperwäschen an hinnen Absolution verspriechen. Vill Hindue wëllen am léifste beim Ganges stierwen, sou datt hir Äsche kënnen an de Floss gestreet ginn.

Ecologie [änneren]

Am Ganges liewen déi siele Gangesdelfinen an och de Gangeshai. Vu béiden ass wéineg bekannt.

Pilger beim Ganges

De Ganges ass staark verknascht: All Dag ginn 1,2 Mrd. Liter gëfteg Egoûten drageleet, alleng déi vu Kolkata, déi iwwert de Gangesaarm Hugli eralafen, maachen 320 Mio. Liter aus. En ass 2000-mol méi mat Kolibakterie belaascht, wéi dat an Indien erlaabt ass, an och héich Konzentratioune vun Cyaniden, Arsenen, Bläi, Zénk, Chrom a Quecksëlwer sinn dran ze fannen. Do derbäi kommen Exkrementer a Reschter vu Läichen, sou wéi Cholera- an Typhusbazillen.

1985 huet déi indesch Regierung en Aktiounsplang (Ganga Action Plan)[1], an d'Liewe geruff, fir de Floss méi propper ze kréien. Et goufe vill Milliounen US$ ausginn, fir Kläranlagen ze bauen, mee dës fonctionnéieren net oder schlecht, well keng Sue méi do si fir hire Betrib. Waasseranalyse weisen, datt sech net vill g'ännert huet.

Déi grouss Stied laanscht de Ganges huele 70 Prozent vun hirem Drénkwaasser aus dem Floss.

Referenzen [änneren]

Literatur [änneren]

Commons: Ganges River – Biller, Videoen oder Audiodateien