Varanasi

Vu Wikipedia
D'Ahilya Ghat beim Ganges.

Varanasi (Hindi: वाराणसी, Urdu: وارانسى, IPA: [ʋɑːˈrɑːɳəsiː], och Benares (resp. Banaras) oder Kashi genannt, ass eng Stad am indeschen Bundesstaat Uttar Pradesh. Se läit um Ganges an huet ronn 1,2 Milliounen Awunner (2011). Varanasi ass eng vun den eelste Stied an Indien a gëllt als déi hellegst Stad vum Hinduismus. Si gëllt als Stad vum Shiva Vishwanat, an zanter 2.500 Joer pilgeren d'Leit dohin. Fir d'Hindu gëllt et als besonnesch ertstriewenswäert, do am Ganges ze bueden a sech do, no sengem Doud, verbrennen ze loossen, wat dann och do vun Dausende vu Leit, dacks just e puer Meter vuneneen ewech, laanscht d'Uwänner vum Floss praktizéiert gëtt. Dës Uwänner sinn an Terrasseform ugeluecht, déi Ghat genannt ginn. Nieft de Ghate gëtt et nach eng weider ronn 200 wichteg hinduistesch, jainistesch a buddhistesch Tempelen.

Varanasi ass awer och allgemeng en Zentrum vun der Hinduistescher Kultur a Wëssenschaft. D'Banaras Hindu University (BHU) huet do hire Sëtz.

Wéinst senger reliéiser Roll si vill Hinduen aus aneren Deeler vu Südasien dohi geplënnert; ronn zwee Drëttel vun den Awunner hunn déi Relioun, knapps een Drëttel si Moslem.

Eng 10 Kilometer nërdlech vu Varanasi läit Sarnath, wou de Buddha seng éischt Priedegt gehale soll hunn, och dës eng wichteg Pilgerplaz.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Diana L. Eck: Banaras. City of Light. London: Routledge, 1983 (däitsch: Banāras. Stadt des Lichts. Aus dem Amerikanischen von Bettina Bäumer und Luitgard Soni. Frankfurt am Main: Insel Verlag, 1989; Taschenbuchausgabe: Frankfurt am Main: Insel Verlag 2006).
  • Niels Gutschow, Axel Michaels: Benares. Tempel und religiöses Leben in der heiligen Stadt der Hindus. Köln 1993.
  • Judy F. Pugh: "Divination and Ideology in the Banaras Muslim Community" in Sharīʿat and Ambiguity in South Asian Islam. Delhi u.a.: Oxford University Press 1988. S. 288-306.
  • Rana P. B. Singh (ed.): Banāras (Vārāṇasī). Cosmic order, sacred city, Hindu traditions. Varanasi: Tara Book, 1993.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Varanasi – Biller, Videoen oder Audiodateien