Himalaya

Vu Wikipedia

Den Himalaya (aus dem Sanskrit: हिमालय, himālaya, zesummegesat aus hima „Schnéi“ an alaya „Plaz, Wunneng“) ass déi gréisst Biergerketten op der Äerd. E läit an Asien nërdlech vum Indesche Subkontinent.

Am Himalaya sinn déi héchst Bierger vun der Welt, déi sougenannt Aachtdausender. D'Spëtzte vum Mount Everest, Lhotse, Cho Oyu a Makalu si wäit bekannt.

Geologie[änneren | Quelltext änneren]

Wéi d'indesch Plack no Norde gedrift ass.

Den Himalaya gehéiert, mat den Anden an de Rocky Mountains, zu deene jéngste Biergketten. Viru ronn 80 Mio. Joer louch déi Indesch Plack ronn 6.400 km südlech vun Asien. Mat enger Vitess vun 9 Meter am Joerhonnert ass si no Norde geréckelt an ass am Paleogen, viru 40 bis 50 Mio. Joer, mat Eurasien kollidéiert. Zanterhier ass deen Driff just nach mat hallwer Vitess, duerch den Drock gouf (a gëtt nach ëmmer) dat no uewe gedréckt, wat haut den Himalaya ass. D'Erosioun bewierkt, datt d'Héicht vun de Bierger plus ou moins d'selwecht bleift.

Geographie[änneren | Quelltext änneren]

Zesummegesat Satellittebiller

Den Himalaya besteet am Fong aus ville verschiddene Biergketten, déi vu Süden no Norde méi héich ginn. Am Süde läit d'Siwalikketten, woudrop nach Bëscher sinn. Nërdlech dovu kënnt dann de Viischten Himalaya, an nach méi nërdlech dann den Héich-Himalaya

D'Gletschere vum Himalaya zielen zu deene gréissten op der Welt. Den Himalaya spillt eng wichteg Roll fir d'Klima vum indesche Subkontinent a vum tibetesche Plateau.

Am Himalaya leien och d'Quelle vun enger Rëtsch Flëss, dorënner de Giele Floss, de Jangtse, den Irrawaddy, de Mekong, den Indus an de Brahmaputra.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Himalaya – Biller, Videoen oder Audiodateien